Ëmmer méi séier an ëmmer méi effizient – mat dësen Adjektive léisst sech déi aktuell technesch Entwécklung resuméieren. Eng Entwécklung, déi der Mënschheet ongeahnte Méiglechkeete bidd. Trotzdem stellt sech d’Fro, ob mir net am Gaang sinn, eng Welt opzebauen, déi den Nervekostüm vum normale Mënsch iwwerfuerdert. Dozou eng Carte Blanche vum Alain Wagner.

D’Feststellung, datt d’Welt ëmmer méi séier dréint, ass hautdesdaags eng zimlech ofgenotzte Floskel. Trotzdem kann et interessant sinn, och emol Floskele méi genee ënnert d’Lupp ze huelen. A bei deem genannte Saz fält eppes direkt op, nämlech datt e Prozess, deen op de Mënsch zeréckgeet, als en Naturgesetz duergestallt gëtt. Et gëtt esou gemaach, wéi wann eise gudden ale Planéit op eemol Loscht kritt hätt, d’Vitesse vu senger Rotatioun eropzesetzen. Dobäi ass et d’Mënschheet selwer, déi um Ursprong vun dëser Acceleratioun steet.

Zënter dem 19. Joerhonnert huet sech d’Welt méi séier entwéckelt wéi an all de Joerdausende virdrun. E Réimer, deen an d’Zäit vum Napoleon versat gi wier, hätt wuel manner Problemer gehat wéi en Zäitgenoss vum Napoleon, dee sech an eiser haiteger Zivilisatioun misst erëmklappen. A wann een zum Beispill bedenkt, datt d’Recheleeschtung vu moderne Computeren sech ongeféier all 18 Méint verduebelt, erschléisse sech Perspektiven, di engersäits enorm Chancë bidden, net zulescht an der Medezin, anerersäits awer och kënnen Angscht maachen. Di permanent wuessend Geschwindegkeet, mat där haut den Austausch vun Informatiounen ofleeft, riskéiert den normale Mënsch iergendwann ze iwwerfuerderen.

Eppes ass kloer : op modern Kommunikatiounsmëttele wëll a kann bal kee méi verzichten. D’Konsequenz ass allerdings déi, datt de Mënsch permanent op Impulser vu bausse muss reagéieren. An dat ëmmer méi séier. Iergendwéi ass all Kommunikatiounsmëttel  gläichzäiteg eng Bréck an eng Fessel. A wann een innerhalb vu kuerzer Zäit zéng SMSen an aacht Maile muss beäntweren, da wënscht ee sech heiansdo an déi Zäit zeréck, wou esou eng Inflatioun nach ondenkbar wor.

Och d’Verhalen am Stroosseverkéier seet villes aus iwwert d’Entwécklung vun eiser Gesellschaft. Ongedold an Aggressivitéit schéngen zouzehuelen. Eng entscheedend Ursaach dofir ass wuel déi, datt vill Leit staark ënner Drock stinn, vun engem Termin zum aneren hetzen an dat Ganzt einfach net méi packen. Wann dann och nach de Sonnden ëmmer méi zu engem normale Wochendag degradéiert gëtt, ass iergendwann de Punkt erreecht, wou d’Hamsterrad zum Perpetuum mobile gëtt.

De franséischen Dichter Saint-John Perse stellt an engem vu senge Wierker déi dringend Fro : « Et de l’homme lui-même quand donc sera-t-il question ? » Eng Fro, déi haut méi aktuell ass wéi jee. Mir mussen oppassen, datt mir dat Mënschlecht an eis net lues a lues verléieren. Och an enger op Effizienz a Schnellegkeet ausgeriichte Welt muss Plaz bleiwe fir spontan Gesten a Gespréicher, fir iwwerraschend Begéinungen, fir dat Ongeplangtent an dat Onerwaart.

Um Schluss vum Leo Tolstoi sengem Roman Anna Karenina seet ee vun den Haaptpersonnagen, de Wronski : « Als Mënsch sinn ech um Enn, mä als Instrument sinn ech nach zu eppes ze gebrauchen. » Mir mussen oppassen, datt mir net eng Gesellschaft kréien, déi aus lauter Wronskië besteet – aus Mënschen, déi funktionéiere statt ze liewen.