Lëtzebuerg wëllt eng Wëssensgesellschaft ginn an intelligent Leit dovun iwwerzeegen, Fuerscher hei am Land ze ginn. Si riskéieren dobäi, an enger berufflecher Sakgaass ze landen!

Säit Joerzéngte versicht Lëtzebuerg, eng Wëssensgesellschaft opzebauen. De Staat stellt dofir der Fuerschung vill ëffentlech Suen zur Verfügung. Et sinn honnerte vu Milliounen all Joer.

Mä fir eng Wëssensgesellschaft opzebauen, geet  et net mat Suen duer.

Dofir brauche mer Mënschen, d.h. gutt Fuerscher.

Den nationale Fuerschungsfong wëllt d‘Kanner mat flotte Programmer dozou bréngen, spéider am Liewe Fuerscher ze ginn. A mir engagéieren dofir um lafende Band dichteg Leit aus dem Ausland.

Zu Lëtzebuerg gi  Fuerscher awer héchstens fir 5 Jor engagéiert. Déi meescht mussen dono trëppelen, egal wéi gutt se sinn.

Mir vergiessen dobäi, dass Fuerscher Mënsche sinn, Männer a Fraen, déi hiert Liewen opbaue wëllen, och emol Kanner kréien an eng gewësse sozial Sécherheet mussen hunn.

Dir frot: Gëtt et dat dann net an dem soziale Lëtzebuerg? Ass dat dann net normal hei?

Neen. Dat ass an der Fuerschung zu Lëtzebuerg net normal.

Niewebäi gesot: Et ass natierlech méi bëlleg, wann e gudden Deel vun der Fuerschung vun Ufänger, d.h. Doktorande gemaacht gëtt, déi no 5 Jor entlooss ginn, amplaz vu Fuerscher mat enger normaler Carrière.
De liberalen Héichschoulminister Meisch seet dozou, d’Fuerscher sollte mobil sinn a kucken, no 5 Joer anzwuesch anescht ënnerzekommen.

E vergësst dobäi, dass et zu Lëtzebuerg bal keen Aarbechtsmaart fir Fuerscher gëtt.

Op där anerer Säit seet de grad esou liberale Staatssekretär Hansen, näischt géif d’Fuerschungsinstituter zu Lëtzebuerg drun hënneren, Fuerscher mat engem richtegen, onbefristete Kontrakt anzestellen.

Et ass awer zimlech naiv ze mengen, d'Fuerschungsbetriber géife Leit fest astellen, wann se déi legal Méiglechkeet hunn, se nëmmen op d'Zäit anzestellen.

Iwwregens: Dat nennt ee Cacophonie, an dat an engem Ministère, deen d’Zukunft zu Lëtzebuerg plange soll!

D’Resultat ass: Mir bilde Fuerscher erun, mir schafe wëssenschaftlech Expertise op ville Gebidder - an no 5 Joer ass Schluss domat.

Déi meescht Fuerscher mussen dann entweder an d’Ausland goen. Oder, wa se zu Lëtzebuerg bleiwe wëllen, de Beruff wiesselen.

Ees wéi ees ass den Investissement an déi Mënsche fir Lëtzebuerg verluer!

Fir déi meescht jonk Leit, déi zu Lëtzebuerg fuerschen, féiert déi offiziell ofgeseente Flexibilitéit riicht an d'Precaritéit, op gutt Lëtzebuergesch gesot an eng sozial a berufflech Sakgaass.

Dofir huet d‘OCDE, déi net bekannt ass, sozialistesch ze sinn, der Lëtzebuerger Regierung gesot, si soll kloer Fuerschungscarrièrë festleeën, fir gutt Fuerscher ze kréien a se dann och ze halen.

Zäitkontrakter sinn op kengem Gebitt eng Léisung fir Mënschen, déi hiert berufflecht Liewen opbaue wëllen. Si si besonnesch keng, wann et drëm geet, fir ons Fuerschung op- an auszebauen.

Si sinn e soziale Skandal fir déi begeeschtert jonk Leit, déi sech der Fuerschung verschreiwen.
Dofir: Et geet net duer, sech mat grousse Gebaier op Belval ze bretzen a kalbliddeg d’Mënschen ze vergiessen, fir déi se gebaut ginn.