
A senger Carte Blanche plädéiert de Soziolinguist a pensionéierten Dozent vun der Uni Lëtzebuerg, Fernand Fehlen, dofir, den Ausbau vun der Lëtzebuerger Sprooch ze ënnerstëtzen.
Wat géif geschéien, wann een ons Sprooch zur éischter an eenzeger Amtssprooch erhiewe géif? Erlaabt mer mat engem Zitat dorop ze äntweren.
„Da bräichte mer all déi Schoulen net méi, wou ons onschëlleg Kanner sech Joer aus Joer an musse ploen a geheien a struewelen, fir déi zwou aner onnéideg Sproochen ze léieren. [...] Da wär den Ortograf net méi ze beuechten, well da géing e schreiwe grad wéi ee schwätzt, [...] ouni sech weider ze genéieren; an da wéist och jiddereen dee verfluchten Ortograf, deen etlech Leit sou plot, ze mol am Franséischen.“
Dëst Zitat staamt aus dem Joer 1841 a sollt eng ironesch Äntwert sinn, op dem Jean-François Gangler seng Ausso, datt d'Lëtzebuerger Sprooch genausou wéi hir flämesch an hollännesch Schwësteren, „einer Ausbildung fähig ist und zur Schriftsprache erhoben werden kann“.
Iwwer esou eng Meenung konnten 1841 d’Leit, esouwäit se iwwerhaapt um politeschen Debat deelgeholl hunn, nëmmen de Kapp rëselen. An d’Sproochwëssenschaft vun deemools huet esouguer virausgesot, datt d’Hollännesch an d’Flämesch geschwënn vum Däitsche géifen opgefriess ginn. Ons Virfahre waren sech eens, datt se eng däitsch Mundart géife schwätzen, an si hunn an der däitsch-franséischer Zweesproochegkeet de Garant vun hirer Eegestaatlechkeet gesinn.
An trotzdem ass d’Lëtzebuerger Sprooch entstanen. Ouni datt de Staat vill dofir gemaach hätt, och net do, wou d’Sproochepolitik eng gewëss Emprise huet, nämlech an der Schoul. Vill vun de gebilte Lëtzebuerger hu sech souguer géint dësen Ausbau vum Dialekt gewiert. An ech muss agestoen, datt och ech 1984, wéi d’Sproochegesetz votéiert ginn ass, déi ganz Prozedur zimlech farfelu fonnt hunn.
Haut weess ech et besser. Lëtzebuergesch ass eng kleng Sprooch, a si ass esou staark a kengeswees vum Ausstierwe bedreet, well se vun ënnen, esou ze soen bottom-up entstanen ass a sech och esou ëmmer nach weider entwéckelt. Sproochepolitik ass ëmmer dann efficace, wa se vun engem breede Konsens an der Sproochgemeinschaft gedroe gëtt. Et gëtt endlech Zäit, datt de Grand-Duché sech eng Sproochepolitik gëtt, déi den net geplangten Ausbau vun der Lëtzebuerger Sprooch definitiv aktéiert a weiderdreift. Och wann et eng kleng Sprooch ass, huet se eng Plaz niewent deenen anere 24 EU-Sprooche verdéngt. Firwat dat net op Käschte vun eiser Méisproochegkeet goe muss, wär de Sujet vun enger anerer Carte Blanche.
Fernand Fehlen, Soziolinguist a pensionéierten Dozent vun der Uni Lëtzebuerg