Kleng Paien, kleng Entreprisen a kleng Rente maachen der Astrid Lulling suergen. Dozou hir Carte Blanche.

AUDIO: Carte Blanche vum Astrid Lulling

Ech muss a mengen 2,5 Minutten eppes lass ginn, och wann ech et léiwer méi intensiv erkläert hätt.
Zu Lëtzebuerg geet ëmmer méi vun Aarmutsrisiko riets.

Et ginn zweestelleg Prozenter genannt, bal ee Véierel vun der Populatioun soll riskéieren, an d’Aarmut ze falen. Dat dierft et hei net ginn. Mer hunn den héchste Mindestloun an der E.U. Ech weess, dass een domat zu Lëtzebuerg net anstänneg liewe kann, wann ee keng eegen a bezuelte Wunneng oder kee soziale Loyer huet.

Mä firwat musse Leit, meeschtens elengstoend Fraen, op de Mindestloun nach Steiere bezuelen?

Fir d’Leit ass wichteg, wat se u Nettoakommes hunn. Op dat méi héich gëtt duerch méi Bruttoloun oder méi Bruttorent, oder duerch manner Steieren, ass fir si egal. Net egal ass et allerdéngs fir d’Iwwerliewe vu Kleng- a Mëttelbetriber, déi a Konkurrenz an der Groussregioun sinn, wou de Mindestloun iwwer 2 Euro d’Stonn méi niddreg ass, wéi bei eis, elo schoun.

Ech gehéieren zu deenen, déi sech echt Suerge maachen, iwwer d’Zukunft vun eisem a sech gudde Pensiounssystem. Ech sinn entsat iwwer d’Propaganda vum OGBL fir d’Sozialwalen, déi behaapt, d’E.U. wéilt déi staatlech Rentesystemer schwächen. Dat ass gestonk a gelunn. Do beweege se sech an enger Liga mat de Populisten, déi d’ E.U. verantwortlech maachen, fir all d'Problemer, déi se national net amstand sinn, ze léisen.

Sécher gëtt et Leit, erëm virun allem eeler Fraen, déi eleng do stinn, déi op der Mindestrent vun haut 1.842 Euro setzen,  well se net e ganzt Liewe beruffstäteg waren a Pensiounsbeiträg bezuelt hunn. Et kann ee sech natierlech froen, wouvun déi virun der Pensioun gelieft hunn, wa se kee verséchert Akommes haten.

Firwat bréngt d’Politik et net fäerdeg an eisem räiche Land dës Problemer ze léisen, ouni Mëssbrauch vu Sozialleeschtungen, wat leider nach ze oft de Fall ass.

Vill Leit hei am Land hu Spuersuen. Dorop gëtt et bal keng Zënse méi, nach  0,1%. Vun deenen Zënsen, déi net emol duerginn, fir d’Inflatioun vun elo 1,5 % ze kompenséieren, musse se 20 % Quellesteier bezuelen, an dat obschonns duerch déi niddreg Zënse scho Kafkraaft verluer geet. Dat verstinn d’Leit net.

Si gi rosen iwwer d’Politik a stëmmen nei Parteien ouni Konzept, mä mat Versprieche, déi esouguer an engem Land wéi Lëtzebuerg net anzehale sinn.

Déi lescht Steierreform huet ze vill Leit, déi net zu deene Räiche gehéieren, net genuch entlaascht.
Et gëtt Zäit, dass Politiker sech beweege, fir d’Léisung vun  döse Problemer a vu nach vill aneren, wéi zum Beispill d’Ierfschaftssteier an der Famille, net weider op déi laang Bänk ze schuppsen.