Et gëtt ëmmer gesot: D’Konkurrenz belieft d’Geschäft. Ass dat wierklech esou? Oder ass dat éischter e Mäerchen? Dozou eng Carte Blanche vum Roland Pinnel.

AUDIO: Eng Carte Blanche vum Roland Pinnel

Eng monopolistesch Situatioun an enger Ekonomie ass am Prinzip keng gutt Saach. Wann een Acteur de Marché mat sengem Produit massiv dominéiert, dann ass Konkurrenz quasi onméiglech.

Ëmgedréit misst een da soe kënnen: d’Konkurrenz belieft d’Geschäft. Rezent Fäll beleeën allerdéngs éischter de Contraire.

Den obligatoresche contrôle technique vun den Autoen ass eng excellent Illustratioun dofir.

Mat der Reform vun 2016 sinn nei Prestatairen, also Konkurrenten, op de Plang geruff ginn. Mä, amplaz, dass doropshin d’Tariffer erofgaange wären, huet d’Liberalisatioun se eropgedriwwen. Ass dat dann elo ironescherweis de Präis, deen ee fir méi Kompetitivitéit muss bezuelen? D’Kontrollstatioun vu Sandweiler huet hir Tariffer fir en « normalen » Auto vun nach 27.- € am Joer 2016 op 52.- € dëst Joer eropgesat. Also an 3 (dräi) Joer ëm genee 92,6%! Net schlecht fir en Ex-Monopolist, deen et awer zu  gläicher Zäit mat enger ëmmer méi grousser Konkurrenz ze dinn huet.

Wann dat do alt net Schoul mécht. Wat soen ech ? – Et huet scho Schoul gemaach. En anere Monopolist praktizéiert et jo och esou: d’Post setzt vum 1. Mee un den Tarif fir e recommandéierte Bréif ëm 25 % erop. Anert Beispill: mat engem zousätzleche Parkhaus an der Stad sinn d’Parkingstariffer alles anescht wéi erofgaangen.

Ech weess, mir schwätzen hei vu relativ klengen Zommen. Et ass awer net ze leegnen: Kleinvieh macht auch Mist.

À propos   « M i s t » .  All dat misst net sinn. Et sief, et géifen nei Affektatioune fir déi zousätzlech Gewënnmargë fonnt ginn. D’Société Nationale de Contrôle Technique kéint sech jo emol eng Iddi bei hirem direkte Konkurrent Dekra ukucken. Dekra-Däitschland sponsort d’Fussballsarbittere vun der éischter Bundesliga. Wéi wär et da mat engem SNCT-Sponsoring vun de Schiidsriichtere vun der BGL Ligue?

De Geck an den Eck! Wéi annoncéiert, soll et jo vun e Méindeg un  an der Kontrollstatioun zu Sandweiler mat de Rendez-vouse vill besser ginn. An da kënnt jo och ganz geschwënn mat Dasthy nach en neien Operateur op de Kontrollmaart. Freeë mer eis also op déi ëmmer méi konkurrentiell Kontrollitis!

De Roland Pinnel ass Éierendirekter vum Luxembourg City Tourist Office.