Fréier war et d’Halbzäit um Faaschte-Wee fir Ouschteren. Z’iesse gouf et noutgedrongen net vill.

AUDIO: Carte Blanche vum Paul Kremer

Mir hunn et besser, a kippen “bon an mal an” een Drëttel vun all kaaften Iesswueren op den Tipp.

Besënne mir eis awer nach? Grond genuch dozou hätte mer jo an enger Welt wou déi al Staaten iwwerdubbert gi vu risege multinationale Gebilden, déi iwwerall matmëschen, just do net, wou Steiere bezuelt sollte ginn.

Iwwerhaapt: t’ass net nëmmen de Staat deen eis ëmmer méi ofkënnt, an eis giel Gileten undoe léisst, mee aller-eelste Geflogenheeten: e Mariage pour tous ersetzt eis deklasséiert Famill a fir de Nowuess suergt ëmmer méi e wëssenschaftleche Laboratoire. De Nowuess ass op d’Mooss geschneidert a quëtscht sech lues awer sécher eraus. – Ee Chines seet da just nach: O, He!

Mir ginn hannerzeg an d’Zukunft eran, quasi: blannemännerches, sot schonn de Paul Valéry, laang ier een Trump Fake News zur Moud gemaach huet. D’Welt geréit aus de Fouen, mengt dann e réckstännege Philosoph.

Wien also waart nach op een Heiland fir d’Ouschterdeeg? E Roboter soll den hellege Mann ersetzen. Mat Deem ass et jo souwisou schif ausgaangen, quitt datt en Happy-end an hellegen Texter steet.

Äschermëttwoch: d’Welt an däitsch Autoe streeë sech Stëbs oder Feinstaub iwwert d'Carrossiere. Iwwert “Glaube, Liebe, Hoffnung” gëtt grad sou gegrimmelt wéi iwwer “Liberté, Egalité, Fraternité”, och wann ewell den houdäitsche Marx neierdéngs en Äerzbëschof ass.