Elo soll dann d'Fuesent och reglementéiert ginn. Eng Initiativ vun enger Crèche zu Hamburg gëtt de Wee vir. D'Ideologen hunn d'Fuesent am Viséier. Eng Carte blanche vum Kommunikatiounsberoder a laangjärege Journalist Marc Glesener.

Nee, et ass definitiv kee Fuesgeck, mä batteren Eescht. Bei eisen däitschen Noperen huet eng Crèche definitiv de Vull ofgeschoss mat eege Bestëmmunge fir d'Verkleeden op Fuesent. Et solle keng Stereotyppen an diskriminatoresch Elementer bedéngt ginn, gouf den Eltere geschriwwen, déi ënner anerem op Indianerverkleedunge fir hir Kanner verzichte sollen.

Am Kloertext: Kee Winnetou an der Kita. An et kënnt nach besser. Déi Verantwortlech vun der Crèche beruffe sech op eng Zeitung, déi vum Familljeministère erausgi gëtt. An dësem Blat gëtt den Indianerkostüm souzesoen als Ausdrock vun der Veruechtung vun deem duergestallt, wat dëst Vollek um amerikanesche Kontinent erlidden huet. Eng aner Recommandatioun ass déi, bei der Verkleedung Geschlechterstereotyppen ze iwwerbrécken. D'Meedercher sollen sech deemno als Pirate verkleeden, d'Jongen als Mierjongfraen.

Abee jo: Hu mer soss keng Problemer? Wann ech esou zréckkucken op meng Joren an der Primärschoul an d'Frëndinnen an d'Frënn vun deemools, esou hunn eis Boken a Verkleedunge vun deemools kengem esou richteg geschuet.

Perséinlech hunn ech déi Saach mam Cowboy an Indianer a gudder Erënnerung, genau esou wéi d'Winnetousfilmer an d'Liese vum Karl May senge Bicher.

Domat soll et elo, wann et den Extremiste vum Gläichstellungswahn a politescher Extremkorrektness nogeet, eriwwer sinn.

Si hunn elo esouguer d'Fuesent am Viséier, déi absolut neutral, glat an ouni Ecken a Kanten a virun allem ouni déi néideg Fräiheet vun de Leit oflafe soll.

D'Politik misst eigentlech op der Säit vun der Fräiheet an domat op där vu der Responsabilitéit an dem Responsabiliséiere stoen. Mä leider ass dat ëmmer méi oft net de Fall. Politik a Politiker schléisse sech dem ideologesche Reguléierungswahn un.

An dëserm Sënn, fir et am Jargon vun dem Mainzer Karneval, ze soen: Wolle mer se rauslasse ...?