En Januar ass all Joer an der Schwäiz zu Davos den World Economic Forum. Hei am Land um Kierchbierg am Februar Journée de L’Économie. Op béide Foren gëtt, no hiren jeeweilegen Méiglechkeeten, iwwert déi spierbar éischt nei Trenden an der Ekonomie diskutéiert. Journée de L’Économie hat dëst Joer de Sujet: Protectionism, nationalism, global trade tensions on the rise. De Marc Hostert mat en puer Gedanken iwwert des béid Foren.

D’Länner an hier Matbierger sinn den Moment mat enger grousser Transformatioun confrontéiert déi duerch d’Globalisatioun mat ausgeléist gouf. Des grouss Transformatioun ass haaptsächlech dem ëmmer méi  groussen  Welthandel an der Entwécklung vun neien Technologien wei der Digitalisation zouzerechnen. Eng Konsequenz heivunner sinn ëmmer méi grouss global Mäert déi sech  iwwer méi Kontinenter erstrecken dat heescht iwwer méi wei eng Juridiktionen eraus.

Den Welthandel hellt zou an vun dësem profitéieren all Länner, déi eng awer vill méi wei déi änner Dest huet eis et déi lescht Jorzéngten zum Beispill  erlaabt Turnschung, T-Shirten, Elektronike etc. zu absolut an relativ nidderegen Präisser ze kafen. Den Rapport Fontagné hat 2005 den Avantagë vun der Globalisatioun beim Konsum eleng pro Résident op méi wei 1200 Euro pro Joer gerechent.

Global Mäert sinn entstan an al an nei weltwäit Produkter an Servicer hun sech ausgebreet. Politik huet an deenen mëschten Juridiktiounen wei an der EU, China, Japan an Europa des Entwécklung   gréisstendeels matgedroen ouni awer den Politeschen Kader an deeër selwechter Vitesse wei den Développement vun dem Welthandel unzepassen an hunn vun hirem Pouvoir par rapport vun den groussen Entreprisen un Afloss verluer. Dobäi kennt datt  Welthandelorganisatioun déi dat ganzt regelen  soll, blockéiert gett.

Eng vun den Konsequenzen ass dass éischtens den Ënnerscheed tëschent den Länner, méi, besonnesch, zweetens ,d’Ënnerscheeder an den Länner massiivst zouhuelen an dass ëmmer méi Bevëlkerungsgruppen sech net méi an dësem System erëm fannen. Et ass an dënnen leschten Joeren en Gerechtegkeetsdebatt entstanen an den Ruff no Protektionismus an deelweis Nationalismus ass opkomm.  Des Debatt ass richteg an awer och falsch, well objektiv gëtt dënnen Mëschten besser just dass et änneren vill, vill besser gëtt.

Des Debatt gëtt och alimentairen doduercher dass zum Beispill GAFA’en bis haut nach ëmmer keng oder bal keng Steieren bezuelen.

Eng kohärent Äntwert op Erausfuerderungen vun dëser Transformatioun gëtt et net. Méiglech Äntwerten vun den Experten sinn et den Kapitalismus anzedämmen, Steiererhéijungen virzehuelen, den Kader vum Welthandel besser ze definéieren, an dëst  jee nodeems vun wat fir engem politeschen Bord se sinn.

Fir mech ass fir Europa déi gréisst Erausfuerderung seng Wäerter vun der sozialer Maartwiertschaft oprecht ze halen, DNA  vun Europa. Eng Propose déi mir opgefall an dësem Sënn  ass déi vum Prof. Dani Rodrik. Hien proposéiert an Zukunft net méi einfach Zougang op en Mart ze ginn mäi an en politeschen Raum mat Normen an Standaren.

Dëst ass op jiddefall eng Iwwerleeung wäert!