„Fridays for Future“, dat ass de Motto vu Schüler, déi zënter e puer Méint op der ganzer Welt fir méi en effikasse Klimaschutz protestéieren an dat wäert och nächste Freideg hei zu Lëtzebuerg de Fall sinn.

Dës Protester sinn den Ausdrock vun der Enttäuschung, dem Frust an der Roserei doriwwer, dass déi international Communautéit et net fäerdeg bréngt, effikass Mesure géint de Klimawandel ze decidéieren an ëmzesetzen, sief et aus Manktem u politeschem Courage, sief et wéinst kuerzfristege wirtschaftlechen Interessen.

Et ass méi wéi ze begréissen, dass déi Jonk ons mat friddleche Protester wakereg rëselen. Kucke mer ëm ons, da gesi mer eng Welt, déi ëmmer méi gespléckt ass, an déi vun enge sëlleche Krise gepräägt ass. Grad elo wiere Solidaritéit, Kooperatioun a Kompromëssbereetschaft méi wichteg wéi jee, fir de villen Erausfuerderunge Meeschter ze ginn. An awer geschitt op ville Plazen an der Welt grad de Géigendeel.

Populisten zéien de Klimawandel an Zweiwel a soen, dass sech de Klima net duerch politesch Entscheedungen géing verbesseren a behaapten, dass d’Begrenzung vun den Emissiounswäerter enger Enteegnung vun den Automobiliste gläich kéim; Klima-Skeptiker ginn an déi héchsten Ämter gewielt, wou si Naturschutzgesetzer ënnergruewen an international Ofkommes kënnegen. Déi wéinegst Länner sinn aktuell um Wee, fir hir Klimaziler ze erreechen.

Duerch d’Klimaverännerung wäerten Deeler vun onser Äerd ëmmer manner bewunnbar ginn an doduerch wäert d’Migratioun weider zouhuelen. Populisten awer wëllen d’Grenze fir Migranten zoumaachen.

D‘Urgence vun der Situatioun kontrastéiert mat deem, wat dogéint ënnerholl gëtt.

Ëmsou méi ass den Engagement vun deene Jonken ze bewonneren. Ech kann hinnen nëmme felicitéieren, fir hire Courage an hiren Asaz. Mir sollten ons all e Beispill un hinnen huelen. Si ginn net géint eng Politik op d’Strooss, mä fir eng Cause, fir hir an onser aller Zukunft.

D’Politik muss um internationalen Niveau méi séier a méi effikass handelen.

Mä net d’Politik eleng ass gefuerdert. Bei jidderengem eenzele muss et zu engem Ëmdenke kommen. Jiddereen eenzele muss sech froen, wou e säi Behuelen ännere kann.

Wann ech de Jonken kann e gudde Rot ginn: gitt Iech net, bis endlech déi néideg Moossnamen geholl ginn.

AUDIO: 11/03/2019 Carte Blanche Anne Brasseur