De Robert Weber, fréieren Nationalpresident vum LCGB a fréieren Deputéierten, beschäftegt sech mat Leit ewéi Nigel Farage, Boris Johnson an anere Brexit-Fanatiker, déi de Briten den Nationalismus priedegen a mat hire populistesche Parolle vill Misère provozéieren.

D'Wirtschaft ass eppes, wat op- an ofgeet. Mol geet et gutt, mol geet et schlecht.

En Aarbechtsliewen dauert an der Reegel 40 Joer. Wie vu sech aus behaapte kann, dass hien a 40 Joer kee Problem begéint, dat ass e gléckleche Mënsch.

D'Erfarung weist eis awer eppes anescht.

An deene leschten 100 Joren goufen et munch Wirtschaftskrisen. Si haten all ënnerschiddlech Ursaachen, si haten awer all déi selwecht Auswierkungen.

D'Aarmut ass gestigen, de Chômage ass eropgaangen, d'Inegalitéiten an eise Gesellschafte si gewuess, d'Chancëgläichheet ass erofgaang, mir hu méi Steiere bezuelt, d'sozial Acquise sinn erofgesat ginn asw.

Ech war aktive Gewerkschaftler an enger Zäit, wou zum Beispill eng Monsanto zu Iechternach mat engem Schlag 1.000 Leit entlooss huet, wou eng Cerabati zu Waasserbëlleg iwwert Joren an enger Salami-Taktik, mat ëmmer erëm Entloossungen, hir Diere schlussendlech zougemaach huet, ech kéint elo nach Villeroy&Boch nennen, stellvertriedend fir vill anerer.

D'Stolindustrie ass zanter 1976 restrukturéiert ginn. Dëse Prozess ass bis haut nach net ofgeschloss.

Eist Land huet héich Inflatiounszäite kannt 1982 bis 1986.

Am Joer 2009 ass eist Land an déi déifste Weltwirtschaftskris zanter 50 Jore gefall. Alles, wat 10 Joer virdrun opgebaut ginn ass, war mat engem Schlag zerstéiert. Mir waren an enger déiwer weltwäiter Finanzkris, déi eng Wirtschaftskris no sech gezunn huet. D'Folge kenne mer!

All Pläng, fir eis Banken ze retten, fir eis Realwirtschaft ze relancéieren, hu missten um nationale politeschen Niveau definéiert ginn an entscheet ginn.

De Ruff no méi Politik, no méi Staat war grouss.

D'Gewerkschaften, d'Patronatsorganisatiounen an d'Politik hunn hire Rôle erfëllt!

Vu Politikverdrossenheet huet keen geschwat.

Déi nächst Kris kënnt bestëmmt!

Ech wëll dann net, dass mäi Land oder mäin Europa vu Populiste regéiert ginn.

Wirtschaft, Politik a Sozialwiese si vill méi komplizéiert, wéi einfach dem Vollek op d'Maul gekuckt.

Wie verantwortungsbewosst handelt, deen engagéiert sech, dee këmmert sech a féiert keng Bistrosgespréicher. De Problem ëm d'Aarbechtsplaz gëtt net am Bistro geléist!

Sozialwalen, nationalpolitesch Walen oder Europa-Walen, dat ass kee Folklor. Eis Grousselteren an Elteren hu mat dem Asaz vun hirem Liewe gekämpft fir d'Walrecht, fir soziale Fortschrëtt, fir eis Wirtschaft a fir eist Land. Do war keng Plaz fir Populisten.

Nationalisten a Populiste verspriechen villes, awer maachen alles futti!