Kuerz virun de Walen huet d'Lëtzebuerger Regierung ee Plang presentéiert, fir eis Finanzplaz progressiv op nohalteg Finanzaktivitéiten ëmzestellen. De rezenten Aktiounsplang vun der EU-Kommissioun bitt hei een ideale Kader. An dëser Carte blanche gëtt erkläert, datt dat duerchaus machbar ass, och wann dat vill Efforten, net nëmmen an allen anere Memberstaate verlaangt, mä och hei zu Lëtzebuerg.

Kuerz virun de Walen huet de Finanzminister een éiergäizege Plang presentéiert, fir Lëtzebuerg als internationalen Zentrum vun der nohalteger Finanz ëmzebauen. Fir dat Zil ze erreechen, muss et zu engem gréisseren Ëmdenke kommen. Et geet dorëms, wou a wéi dat Geld soll investéiert ginn, dat de Banken an der Fongenindustrie uvertraut gëtt.

Fir dat ze erreechen ass deen einfachste Wee, fir net a Gesellschaften ze investéieren, déi Aktivitéiten hunn, déi extrem schiedlech fir d'Ëmwelt oder am allgemenge schiedlech, fir d'Gesellschaft sinn, an déi een op "schwaarze Lëschte" fënnt. Dat ass schonn ee staarkt Zeechen, mä et kritt een domatter keen Afloss op all déi aner wirtschaftlech Aktivitéiten, fir datt déi am Sënn vum Klimaschutz a vun der Nohaltegkeet geännert ginn.

Een anere Wee ass dee vun den ESG-Investissementer. Dofir gi grouss Betriber gefrot, fir nieft Informatiounen iwwert hire Bilan an hir finanziell Resultater och op fräiwëlleger Basis Informatiounen ze verëffentlechen, iwwert den Impakt vun hiren Aktivitéiten op d'Ëmwelt an op d'Gesellschaft. Da kann den Investisseur nëmmen an déi Betriber investéieren, déi nohalteg Aktivitéiten hunn.

Wann een elo d’Zil vun der COP 21 bedenkt, da brauch et nach méi radikal Weeër. Dat selwecht gëllt fir dat spezifescht Zil 2030 vun der europäescher Kommissioun, fir d'Emissioune vun Zäregasen ëm 40% ze senken.

Duerfir huet d'Kommissioun schonn am Mäerz 2018 ee ganz éiergäizegen Aktiounsplang virgestallt. Wann dee realiséiert géif ginn, kéint Europa déi weltwäit Referenz am Klimaschutz an der nohalteger Finanz ginn. Nieft enger gemeinsamer Terminologie kommen eng Rei Verflichtunge fir den Emetteur, den Investisseur an och fir de Banquier. Et geet esou wäit, datt a noer Zukunft kee Wäertpabeier an Europa méi ka verkaf ginn, ouni iergend eng Mentioun oder Referenz, wat de Klimaschutz an Nohaltegkeet ubelaangt.

Weltwäit ginn et eng 90 Billiounen € déi kënnen investéiert ginn. Dat ass eng 9 mat 13 Nullen. Eis Lëtzebuerger Investment Fonge stellen eppes méi wéi 4% vun deem Montant duer.

Fir datt den Aktiounsplang säi vollen Impakt kritt, mussen all Joer eng 180 Milliarden Euro an Europa investéiert ginn, dat sinn 2 Promille vum Weltverméigen oder 4,5% vum Verméige vun de Lëtzebuerger Investment Fongen. Dat ass vill Geld an eng gewalteg Ëmstellung, mä et ass machbar.

Op enger Konferenz hei zu Lëtzebuerg, wou de Klimaschutz ee grousst Thema war, huet d'Fongenindustrie d‘Aféieren vun dëse Verflichtungen als seng wichtegst Aarbecht genannt.

Elo bleift ze hoffen, datt d’Memberstaaten de Courage hunn, fir dësen Aktiounsplang voll ze ënnerstëtzen. Et ass ze hoffen, datt se sech net verfänken a punktuelle Schwieregkeeten, mä ëmmer dee globalen Impakt virun Aen hunn. Dat Zil ass et wäert, fir dat eent oder anert Opfer ze maachen.

*Michel Maquil

Fräie Finanzberoder

Fréieren Direkter vun der Lëtzebuerger Bourse