Dëst Joer feiert Lëtzebuerg 100 Joer allgemengt Walrecht. Esou eng Feier ass eng gutt Geleeënheet, fir z’iwwerleeën, ob dat Walrecht vun deemools nach der Realitéit vun haut entsprécht.

AUDIO: Carte Blanche vum Ben Fayot

An de leschten 100 Joer ass de Staat enorm ausgebaut ginn, dofir muss och onst Parlament als Kontrollorgan vun der Regierung opgerüst ginn. Dat erreecht een net mat Kosmetik.

Kosmetik ass z.B. e puer Mataarbechter méi an der Chamber anzestellen oder de Parteie méi Suen ze ginn.

Et muss ee schonns op de Fong goen. An de Fong, dat ass de Walsystem, duerch deen onst Parlament entsteet.

Dofir muss een dee System vun 1919 iwwerdenken an änneren.

Wéi deen 1919 agefouert gouf,  war villes anescht.

Zum Beispill d’Bezierker:  et gouf deemools typesch Land-, Industrie- a Statgéigenden tëscht deenen et Welte gouf, wirtschaftlech, politesch a mënschlech. Dofir goufen 1919  4 Bezierker gebastelt, déi där Realitéit vun deemools entsprach hunn. Déi Realitéit gëtt et haut net méi.

En anert Beispill: bis 1919 hunn d’Leit nëmme Persoune gewielt,  also am Majorz.

1919 si mer zu der Lëschtewal iwwergaang, zum Proporz, an du si Parteien entstanen.

Mee am Proporz gouf en Deel Majorz behalen, well d’Politiker vun 1919 dat esou am Blutt haten, an dofir kann een haut zwar Lëschte wielen, awer och Leit: et kann ee souvill panachéieren wéi ee wëllt.

Dohier kënnt dann och dat, wat haut ëmmer erëm diskutéiert gëtt, nämlech dass esou vill Buergermeeschteren a Schäffen an der Chamber sëtzen.

Dat ass ganz normal an engem System, wou ee bekannt muss sinn, fir gewielt ze ginn.

Et ass awer schlecht fir d’Effikassitéit vun der Chamber, déi doduerch nëmmen 3 amplaz fënnef Schaffdeeg huet. De Méindeg an de Freideg si fir d’Schäffen- a Gemengeréit.

Et mécht haut kee Sënn méi, 4 Wahlbezierker ze hunn. An de Panachage ass keng Garantie, dass déi kompetenst Leit an d’Chamber kommen.

Wann een allerdéngs ee Wahlbezierk aus dem Land mécht, muss ee sech froen, wéi de System mat Lëschte vu 60 Kandidaten fonctionnéiert.

Dat kann net mam Panachage geschéien.

Well d’Land awer esou kleng ass, wëllen d’Leit och gäre Käpp nieft de  Parteien  wielen.

Dat ass verständlech, an dat soll een och respektéieren.

Dofir soll een Persounewal a Lëschtewal trennen, andeem een dem Wieler eng Stëmm fir eng Persoun an eng Stëmm fir eng Parteilëscht gëtt.

Dobäi soll d‘Parteilëscht als Ganzt ugeholl ginn, d.h. dass d’Kandidaten an där Rei gewielt ginn, wéi d’Partei se op d’Lëscht setzt. Domat kann eng Partei d‘Gläichheet vu Fra a Mann,  d’Fërderung vu Jonken an d’Wal vun héich kompetente Leit sécheren.

An domat kënnen d‘Parteien de Cumul vun de Mandater definitiv verhënneren, wat se elo net kënnen a wuel och net wëllen, well se op d’perséinlech  Stëmmen vu bekannte Gemengepolitiker ugewise sinn.

Esou en System erlaabt et och de Parteien, hiert politescht Personal reegelméisseg ze erneieren.

Elo wou zënter e pur Joer e frësche Wand an der Lëtzebuerger Politik bléist, wär et flott wann um 100. Joresdag vum allgemenge Walrecht dëst op de Leescht geholl géif, fir et der Realitéit vun haut méi no ze bréngen.

Dat wär de richtege Wee, fir ons Chamber an domat ons Demokratie méi staark ze maachen.