A senger Carte blanche schwätzt de Jean Huss, fréieren Deputéierte vun déi gréng a President vun Akut, iwwer d'Europawalen.

Léif Nolauschterinnen an Nolauschterer,

Enn Mee wiele mer en neit Europaparlament an et geet dobäi ëm d’Zukunft vun Europa an ëm d’Zukunftschancë vun eise Jonken.

Déi bis haut dominéierend wirtschaftspolitesch Elitten hunn nämlech d’Europäesch Unioun an eng déif Existenzkris gestierzt an dobäi geet et net just ëm de Brexitchaos oder d’Gejäiz vu Rietspopulisten.

Zanter den EU-Verträg vu Maastricht hunn dës politesch Elitten eng Finanz- a Wirtschaftspolitik duerchgesat, déi eleng un de Geschäftsinteresse vu multinationale Konzerner, Banken a Finanzfongen ausgeriicht war, op Käschte vun Demokratie, vun Natur, Ëmwelt a Gesondheet an op Käschte vu soziale Rechter a skandaléise sozialen Ongläichheeten.

No där vun hinne verschëlter Banken– a Finanzkris vun 2008 hätt een eigentlech erwaart, dass se zumindest deelweis aus hirer falscher Politik geléiert hätten. Mee si hu weidergemaach mat Dereguléierung an Austeritéitspolitik, an ëmgekéiert hu se praktesch näischt Seriéises ënnerholl géint déi ëmmer méi siichtbar ekologesch Geforen, géint déi Millioune Jonker elo europawäit op d’Strooss ginn: Klimakollaps, Ëmwelt- a Gesondheetsrisiken, d’Ausstierwe vun Déieren, Insekten a Planzen, Ëmweltskandaler um lafende Band: Glyphosat- a Pestizidskandaler, Natur a Weltmierer voller Plastik, Dieselbedruch oder nei Atomrisiken, net just an Europa.

Léif Nolauschterinnen an Nolauschterer,

Bei den Europawalen ass et dofir wichteg, niewent de Parteiprogrammer och genau ze kucken, wéi an de vergaangene Jore vun deene verschiddene Parteien an Europa ofgestëmmt gouf an do sinn d’Fakte relativ kloer:

  • Rout Kaart fir nationalpopulistesch a rietsextrem Parteien
  • Rout Kaart awer och fir all déi konservativ, sougenannt chrëschtlech oder neoliberal Parteien, déi d’Haaptschold droen un all eise Problemer
  • A gréng Kaart fir déi Politiker a Politikerinnen, déi sech glafwierdeg fir en neit, demokratescht, ökologescht a soziaalt Europa asetzen.