No de Kopleschter wëllen elo och d’Leidelenger de Walbezierk wiesselen. De Fernand Fehlen, ee vun de Pionéier vun der Walfuerschung zu Lëtzebuerg, proposéiert hinnen eng radikal Léisung.

Eng grouss Majoritéit vun de Kopleschter Wieler, hunn sech leschten Oktober an engem Referendum dofir ausgeschwat, datt hier Gemeng zukünfteg am Bezierk Zentrum soll wiele goen. Zu Leideleng gëtt elo zesumme mat den Europawalen och esou ee Referendum organiséiert. Wann een d’Positioun vun deenen zwou Gemengen op der Kaart kuckt, da schéngt dëse Wonsch nëmme logesch. Méi wéi d’Hallschent vun de Leidelenger schaffen am Bezierk Zentrum, de Bus an d’Stad fiert am 20-Minutten-Takt an et gëtt och Schoulbussen op de Campus Geesseknäppchen.

D’Wahrscheinlechkeet, datt de Jo fir den Zentrum eng confortabel Majoritéit kritt, ass grouss. D’Wahrscheinlechkeet, datt d’Chamber dorops ageet, ass praktesch Null. An si huet Recht, well da géif, déi nächst Gemeng kommen. Zum Beispill Fréiseng oder Jonglënster.

D’Léisung ass méi einfach a gläichzäiteg méi radikal. D‘Andeelung vun onsem klenge Ländchen a véier Walbezierker, déi elo praktesch 100 Joer al ass, ass an onser mobiller Welt anachronistesch. Mir brauchen eng Circonscription unique.

Bei all Parlamentswal léisst d'Chamber eng Etüd duerchféieren. Éischt Ergebnisser sinn elo virgestallt ginn. Allkéiers gëtt no der Circonscription unique gefrot. 2009 war eng knapp Majoritéit dofir. Bei den nächste Walen 2013 waren et der 69% an dës Kéier sinn et der och nees genau esouvill. D'Wieler vun deene klenge Parteie sinn iwwerproportional derfir, déi vun deene groussen éischter dogéint. D'Wieler vun de Grénge si mat 80% am favorabelsten, déi vun der CSV mat nach ëmmerhin 61% am zeréckhalendsten.

Den Decoupage a véier Walbezierker ass an der Verfassung ageschriwwen, dofir muss ee vun der Verfassungsännerung, déi elo op der Agenda steet, profitéieren. A wann d’Parteien net déi néideg zwee Drëttel Majoritéit zesumme kréien, kéinten se den entspriechenden Artikel jo aus der Verfassung eraushuelen, an d’Saach spéider an engem Gesetz reegelen. Dofir gëtt e Präzedenzfall: 1948 ass de Sproochestatut aus der Verfassung erausgeholl ginn an d’Chamber krut den Optrag e Gesetz doriwwer ze maachen. Et huet dunn bis 1984 gedauert, iert se d’Sproochegesetz fäerdeg hat. Mee villäicht geet et jo mat der Circonscription unique méi schnell.