Et sinn dëst Joer elo 50 Joer hier, datt mam Neil Armstrong den éischte Mënsch säi Fouss op de Mound gesat huet. E Grond fir ze feieren? Jo bestëmmt, mä och een, fir iwwer déi grouss Geschicht hannendrun nozedenken. Doriwwer eng Carte blanche vum Patrick Michaely.

AUDIO: Carte Blanche vum Patrick Michaely

De Buzz Aldrin, nom Neil Armstrong den zweete Mënsch um Mound, hat anscheinend beim Depart vun der iwwer 110 Meter héijer Saturn V mat hiren 160 Millioune PS e Bols vu just 90 Schléi an der Minutt. Déi meeschte Leit, déi elo am Beruffsverkéier am Stau stinn, dierfte sensibel méi hunn.

Beandrockend Fakten an interessant Anekdoten an deem Stil wäert een an dësem Joer wéinst dem ronne Gebuertsdag vun den éischte Mënscheschrëtt um Mound bestëmmt nach méi oft ze héieren an ze liese kréien. Tatsächlech gëllen d’Moundmissioune vum Enn der Siechzeger an Ufangs de Siwenzeger nach haut als eng wëssenschaftlech, technesch a mënschlech Meeschterleeschtung. Den "natur musée" stellt a sengen Dauerausstellunge Moundgestengsprouwe vun de Missiounen Apollo 11 a 17 aus. Den "ausserierdesche" Souvenir vun der Apollo-11-Missioun krut de Grand-Duc Jean 1970 vun den Astronaute vun der Apollo 12 iwwerreecht, déi op Besuch am Palais waren. Astronauten a Kosmonaute waren déi deemoleg Superhelden. Op der Plack um Sockel vun deem historesche Stéck steet:
"Dëse Fändel vun Ärem Land ass mat der Apollo 11 op de Mound transportéiert an zréckbruecht ginn, an dëst Stéck vun der Mounduewerfläch huet säi Wee op d’Äerd duerch d’Besatzung vun dëser éischter bemannter Moundlandung fonnt."

Obwuel et sech nëmmen ëm e puer Gramm a Glas gegossent Gestengs handelt, dat esou ausgesäit, wéi wann et och vun engem x-belibege Schantje kéint kommen, bleiwen ëmmer rëm Leit am Musée virdru stoen a staunen. Richtegt Moundgestengs? Vum Neil Armstrong gesammelt? Wow! Ben, mir geet et nach haut esou. Et war ëmmerhin déi éischt Kéier, datt e Mënsch op engem ausserierdeschen Himmelskierper stoung. Ech deelen dës Begeeschterung duerfir och ganz gäre mat anere Leit. Ob de klenge Lëtzebuerger Fändel elo tatsächlech mat an der Moundkapsel war, weess allerdéngs héchstens nach de Buzz [Aldrin].

Natierlech verstoppt sech hanner dem Presentoir mam Moundgestengs nach vill méi. Et kann ee sécherlech och nach en halleft Joerhonnert méi spéit doriwwer streiden, ob et wierklech néideg war, aus Prestigegrënn am Kale Krich Milliarden an esou e Projet gestach ze hunn, an ob dat Geld net wou aneschters besser investéiert gewiescht wier. Béis Zonge behaapten, de Presentoir wier näischt aneschters wéi Propagandamaterial vum US-amerikaneschen Iwwerleeënheetsgefill. En ass leschten Enns en historeschen Iwwerbleibsel aus enger Zäit, wou d’Konkurrenzdenken tëscht zwou Supermuechten zwar de Mënsch op de Mound bruecht huet, mä och fir Misär, Krich an nuklear Oprüstung an der Welt gesuergt huet. Esou Iwwerleeunge wäerten och an onsen Zäiten erëm verstäerkt opkomme mussen, wa Länner wéi d’USA, China oder villäicht och d’Europäer an Zukunft hir Interessien am Weltall knallhaart wëllen duerchsetzen. Esou Diskussioune sinn duerfir wichteg. Bei aller Nostalgie rondrëm e klenge Schrëtt vun engem Mann um Mound muss een oppassen, datt d’Mënschheet sech um eegene Planéit net verspréngt.

* De Patrick Michaely ass vu Formatioun Biochemiker an am Naturmusée responsabel fir Ëffentlechkeetsaarbecht a Kommunikatioun.