Haut schwätzt d'Magali Paulus eis vun der Vergewaltegung als Krichswaff a vum Courage an der Dignitéit vun de Survivanteen. Si schafft fir Frères des Hommes an ass engagéiert bei etika an dem Collectif Tax Justice Lëtzebuerg.

AUDIO: Carte Blanche vum Magali Paulus

D’lescht Woch war op Initiativ vun der Grande-Duchesse en groussen internationale Forum um Kierchbierg “Stand Speak Rise Up”. Dat war fir d’éischt zu Lëtzebuerg, wou esou vill international Perséinlechkeeten zesumme komm sinn: 3 Friddensnobelpräisdréier, héich Representante vun der UN a Staatscheffen. Dat Wichtegst awer war, dass iwwer 50 Survivanteen präsent waren. Dat si Fraen, déi sexuell Gewalt a fragillen Environnementer iwwerlieft hunn. Et ass éischter vun Iwwerliewenden, wéi vu Victimme geschwat ginn, wat mir absolut essentiell schéngt, well se doduerch net passiv sinn, mä aktiv, a sech géint Vergewaltegung als Krichswaff asetzen.

Fir d’Iryna Douhan aus der Ukrain ass et eng “arme de destruction massive”, déi duerch d’Angscht d’Resistenz vun der Gesellschaft zerstéiert. Mä wéi steet een erëm op? Wéi kënnt eng Fra, eng Famill, eng Gesellschaft iwwert de sexuellen Terrorismus ewech? Laut dem Fulvia Chungana Medina aus Kolumbien heelt en sech iwwert d’Temoignagë vun anere Survivanteen. Dofir war et och esou wichteg dass déi Temoignagen am Zentrum vum Forum stoungen. Vill vun deene Frae liewen elo am Exil, wougéint hir Aggresseuren an aller Impunitéit* an hire Länner weiderliewen. Déi Impunitéit gëtt als ee vun de groussen Defien ugesinn. D’Nadia Murad, déi 2018 de Friddensnobelpräis krut, seet ganz kloer, dass d’Justiz dat eenzeg Traitement, déi eenzeg Léisung ass. D’Aline Munezero aus Burundi ënnersträicht : « cirer haut et fort, toujours debout, pour dénoncer les agresseurs ». Stand Speak Rise Up.

Et waren immens emotionell a staark Momenter, déi an deenen 2 Deeg erlieft goufen. D’Fro, déi ech mer elo stellen ass, ob Krich an Ongläichheet déi selwecht Ursaachen hunn. Dës Ursaache kéinten d’Patriarchat, de Muechtmëssbrauch an de Muechterhalt sinn. Fir der Vergewaltegung als Krichswaff en Enn ze setzen, wei d’Grande-Duchesse sech et als Objektiv vum Forum gesat huet, missten dann net och d’Strukture vum Rassismus, Sexismus a Postkolonialismus hannerfrot ginn ansech fir en Enn dovun agesat ginn?

Dofir sollte mer all dëse Samschde 6. Abrëll op den Ouschtermarsch fir de Fridden um 14h30 um Glacis goen.

*Impunitéit wëll soen, datt déi Leit weider an der Gesellschaft kënne liewen, ouni fir hir Dote bestrooft ginn ze sinn