Viru kuerzem gouf d’Etüd vun der Uni Lëtzebuerg iwwert d’Offices Sociaux virgestallt. Do gouf esou wuel vu Säite vun de Clienten, ewéi och vun den Acteuren eng Bonne note ausgestallt. Mä ass dat wierklech esou?

AUDIO: Eng Carte Blanche vum Laura Zuccoli

Den Aarmebüro huet eng ganz komplex Missioun, déi een net einfach ka moossen.

Wat fir e Profil hunn d’Leit, déi sech un den Office Social wennen? Sinn dat éischter Fraen oder Männer, éischter Jonker oder Familljen, wat ass hire sozialen Hannergrond, wéi laang si se schonns am Land…?

D’Etüd gëtt keng Äntwert dozou, well et keng zentral Datebank vun de Beneficiairen gëtt. Jiddwer Office Social erfaasst seng Leit no eegene Kritären, ouni allgemeng gülteg Richtlinnen. A wéinst dem Dateschutz gi wéineg Informatiounen ausgetauscht – wou kann een do eng kohärent, eenheetlech Virgoensweis vun alle sozialen Servicer am Déngscht vun den Betraffenen opbauen ?

Eis Bevëlkerung wiisst stänneg a si gëtt ëmmer méi international. Kierzlech schreift de STATEC, datt 2018 eis Bevëlkerung eleng duerch d’Migratioun em 10.659 Leit gewuess ass.

Et wier interessant gewiescht, Opschloss iwwer d’Schwieregkeeten am Ëmgang mat Leit aus anere Kulturkreesser ze kréien. Kaum e Wuert vun den Acteuren doriwwer an der Etüd. Leeft do alles ouni Spannungen?

Wunnengsproblemer sinn d’Haaptursaach, firwat d’Leit sech un d’Offices Sociaux wennen. D’Etüd ernimmt Persounen, di a Bruchbude wunnen a mat Hëllef vum Office Social relogéiert ginn. Kuerz drop stellen nei Locataire vun der selwechter Bruchbud di selwecht Ufro. Dem Proprietär vum Taudis geschitt näischt an d’Gemengen zécken, esou Wunnlächer als onbewunnbar ze erklären. Dat ass eng Sozialaarbecht ouni Buedem an Effizienz, déi vill Frustratiounen ausléist.

80% vun de Leit, déi srch un d’Offices Sociaux wennen, maachen dat eréischt, wann hir Problemer riseg sinn. D’Schimmt, fir sech un den Aarmebüro ze wennen, ass nach ëmmer grouss. Méi ewéi d’Halschent hunn uginn, hir sozial Rechter net ze kennen. Si ginn op den Office Social, well aner Leit hinnen dat geroden hunn, net well si hier Rechter kennen.

D’Verdeelungsschlëssele fir d’Hëllefe si fir all Office Social aneschters. Jee nodeem wou ee wunnt, kritt ee méi oder manner Ënnerstëtzung. Eng Tatsaach, déi engem Rechtsstaat, deen op der Gläichbehandlung vun all sengen Bierger fousst, net wierdeg ass. Obwuel dat an der Etüd thematiséiert gëtt, kuckt d’Politik ewech.

D’Kritäre vun den Finanzmëttelen vun den Offices Sociaux, si gesetzlech net explizit festgeluecht. D’Etüd freet eng landeswäit Harmoniséierung vun de Prozeduren, de Qualitéitsstandarden an den Hëllefen, wat am Gesetz an am Reglement theoretesch virgesinn ass. Mä d’Praxis ass eng aner.

D'Bonne note un d’Offices Sociaux bleift, d’Politik an d'Gemenge sollen awer reagéieren!