E Freide virun 8 Deeg huet de Minister François Bausch zesumme mat de Partner "Police" a "Sécurité Routière" den Aktiounsplang speziell fir déi onmoosseg vill Motorradsaccidenter virgestallt. En Dënschdeg, den 23. Abrëll da wäert hien an enger Pressekonferenz de komplette Preventionsplang an der Verkéierssécherheet publik maachen. Als roude Fuedem taucht hei ëmmer erëm ze héich Vitess op. Entretemps huet de Paul Hammelmann e puer Iwwerleeungen heizou a senger Carte blanche festgehal.

Viru Joren – Joerzéngten, fir éierlech ze sinn – hat ech mer a mengem jugendleche Liichtsinn e klengt Motorrad kaaft, éischter de Styl Retro, eng italienesch Mark, fir gemittlech a komfortabel ze fueren, e breet Trëttbriet, fir d'Féiss dropzesetzen, näischt fir ze rennen.

Et war wonnerschéin, et ass haut nach wonnerschéin, knallrout mat chroméierte Säitespigelen a Gepäckdréier; mä et steet bei mir an der Garage, et steet scho laang bei mir an der Garage.

Ech fueren net méi drop, meng Fra wëll net a meng Kanner däerfen net.

Ech fueren net méi drop zënter deem Dag, wou ech um Lampertsbierg ee gesinn hunn, mat ebenfalls engem Motorrad vun dëser Mark (déi Motorrieder hu kleng Rieder an d'Strooss war naass), deen ausgerutscht war, d'Motorrad louch an der Mëtt vun der Strooss, hie souz niewendrun an de Fouss louch am Kullang virum Trottoir.

Wéi gesot, mäi Motorrad steet zougedeckt an der Garage, mä ech kann déi Leit verstoen, déi sech esou eppes uschafen, sief et, fir ouni Parkplazproblem op d'Schaff ze kommen, sief et, fir laanscht de Stau ze fueren, sief et, fir einfach de Pleséier ze hunn, déi sougenannte Fräiheet oder awer d'Natur ze genéissen ... an déi sech och méi eng déck Maschinn kafen. An dorënner gëtt et der erëm, déi nach en zousätzleche "Kick" brauchen, de "Kick" vun der Vitess, an et sinn déi, déi mer an eiser Statistik erëmfannen!

Den zoustännege Minister huet viru Kuerzem hei um Radio gesot: Déi Vitessen, déi op de Schëlter stinn, si Maximal-Vitessen, et kann en och drënner bleiwen.

Ech géif nach eng Iwwerleeung derbäi ginn, och wann et eigentlech eng Platitude ass: Déi Vitessschëlter sinn - zu Lëtzebuerg an am Ausland - meeschtens (net ëmmer!) mat Suergfalt erausgesicht a si sinn eng Hëllef.

E Beispill: Wann ech vun enger Autobunn, op enger mir onbekannter Streck, erausfueren, seet d'Schëld mer, mat wéi vill ech maximal däerf fueren, fir sécher duerch déi Kéier ze kommen, mol ass et mat 90, mol mat 70, mol - wann d'Kéier méi enk ass - mat 50.

Dat ass also net als Schikan unzegesinn, mä als eng duerchaus wäertvoll Hëllef!

Et funktionéiert awer nëmmen, wann ech mech och drun halen, wann net mäin "innerer Schweinehund" mer seet: "Ech kennen dës Streck", also weess ech, datt et och méi séier geet, oder awer bewosst de Risiko siche ginn.

An da si mer am Strofrecht oder awer, fir et soziologesch auszedrécken, am "zivillen Ungehorsam".

An deen zivillen Ungehorsam ënnert dem Argument vun der individueller Fräiheet ass soss näischt wéi d'Fräiheet an d'Sécherheet vun aneren a Fro stellen.

An dat muss eng ziviliséiert Gesellschaft sech net bidde loossen.

Och wann et ëmmer nach e puer Onverbesserlecher gëtt wéi den däitschen Transportminister Scheuer, dee behaapt, en Tempolimitt wier "gegen jeden Menschenverstand".

Op d'Weis vum Tradiralala ...