D’Erhéijung vum Mindestloun ass dringend noutwendeg a si ass, der Regierung hirer eegener Argumentatioun no, net héich genuch. A si fält fir Famillje mat Kanner méi niddereg aus, seet a senger Carte blanche de Robert Urbé vu Caritas Lëtzebuerg.

AUDIO: Carte Blanche vum Robert Urbé

De Mindestloun gëtt also, wéi am Regierungsprogramm ugekënnegt, ëm eppes méi wéi 100 Euro netto de Mount gehéicht. Dat geschitt an dräi Deeler: zum 1. Januar 2019 scho gouf de Mindestloun ëm 1,1% erhéicht, fir en un di allgemeng Entwécklung vun de Léin unzepassen, sou wéi d’Gesetz dat all zwee Joer virgesäit. Déi 1,1% gi bei deenen 100,- EUR mat agerechent. Da läit elo en zweete Gesetzesprojet an der Chamber, fir de Mindestloun, fir d’éischte Kéier no 1973, strukturell ze erhéijen, an zwar ëm 0,9%! Dat sinn zwou Brutto-Erhéijungen.

Dee gréissten Deel vun der Netto-Erhéijung kënnt duerch e Steierkredit (CISSM) deen an d’Budgetsgesetz ageschriwwe gouf an elo mat dësem wäert Enn Abrëll gestëmmt ginn. Dee Steierkredit vu 70 Euro pro Mount soll fir all Akommes tëscht 1.500 Euro an 2.500 Euro de Mount gëllen, Akommes bis 3.000 Euro de Mount sollen och nach deelweis dervu profitéiere kënnen.

Wat elo um Dësch läit, wäert nëmmen zu deem klengsten Deel d’Betriber belaaschten. Trotzdeem gi vill Argumenter géint esou eng Erhéijung bäibruecht. Dogéint sot mol eng Kéier een, datt eng Entreprise, déi um Marché net genuch verdéngt, fir uerdentlech Léin ze bezuelen, eppes falsch mécht a sech a Fro stelle sollt!

Richteg ass, datt e Mindestloun sollt sou héich sinn, datt en hëlleft, aus dem Aarmutsrisiko eraus ze kommen. D’Regierung selwer argumentéiert an hirem Exposé des Motifs souguer dermat, datt de Mindestloun misst duergoen, fir en dezent Liewen ze féieren, sou wéi dat de STATEC 2016 ausgerechent hat, fir en Eenzelen 1.922 Euro bei engem Netto-Mindestloun vun 1.727 Euro, en Ënnerscheed vun 195 Euro! Also geet déi elo geplangten Erhéijung net duer. A well déi Zuel vum Statec souguer am August 2018 nei berechent gouf an elo bei 1.996 Euro läit, misst d’Erhéijung der Regierung hirer eegener Argumentatioun no souguer netto 269 Euro héich sinn...

Domat awer net genuch. Well dës Zuelen alleguer nëmme fir een Eenzele gëllen, deen eleng lieft, gesäit et fir Famillje mat Kanner anescht aus: do geet de Mindestloun net duer, fir iwwer de Montant vum Mindestakommes, dem Revis, dee säit dem 1. Januar den RMG ersetzt, ze kommen. Déi Familljen hunn also e Recht op en Ausgläichsmontant, fir datt si déi am Gesetz bestëmmte Grenzwäerter erreechen. Duerch d’Technik fir déi Ausgläichsberechnung an d’Mëschkalkulatioun fir d’Mindestlounerhéijung fält hir Erhéijung méi niddereg aus.

Et ass also nach Raum fir Nobesserungen!