An e puer Woche si Wahle fir Europa. Wat kann dësen Ablack den Apport vum Chrëschtentum fir Europa sinn?, freet de Georges Hellinghausen an enger Carte blanche.

AUDIO: Carte Blanche vum Georges Hellinghausen

Europa gëtt gerëselt duerch Brexit, ongeléist Flüchtlingskris, Angscht virun Identitéitsverloscht a Succès vun nationalistesche Parteien.

Wéi kënnen do déi chrëschtlech Racinnen Europa nei beliewen? De prestigiéise Collège des Bernardins zu Paräis proposéiert e Revival vum chrëschtleche Personalismus à la Emmanuel Mounier. Dëse Personalismus haten d'Grënnungspappe vun Europa (Schuman, Adenauer, de Gasperi) nach intus, haut misst en nei opgefrëscht ginn. Duerfir leet de Collège des Bernardins 10 Propositioune vir, „pour un avenir personnaliste de la civilisation européenne“. Et géing drëm, de Mënsch als Persoun ze rehabilitéieren – d’Iddi, dass deen Eenzelen e Rechtssujet ass mat immenser Dignitéit, dat sech awer nëmmen entfaalt am Zesummespill mat aneren an am Kontext vum Bien commun.

Dëse Personalismus stoung un der Wéi vum vereenten Europa. Ëmmerhin ass d’EU den eenzege Groussraum, an deem d’Doudesstrof ofgeschaaft an dëst souguer eng Opnambedingung ass. An d’EU-Charta fokusséiert am Artikel 1 d’Dignitéit vun der mënschlecher Persoun.

An de chrëschtleche Quelle schäffen, esou d’Dokument vun de Bernardins, géif erlaben, de Goût um europäeschen Abenteuer nei z'entfachen. Konkret Ziler dobäi: en neie legislative Personalismus, e personalistescht Recht an de Medien, an der Ekonomie mat sozialem Aschlag, an der europäescher Kulturpolitik, an der Friddensdebatt an am Partage vun de Souveränitéiten. Bei der Migratiounspolitik misste Gaaschtfrëndschaft an néideg Kooperatioun sech ergänzen. D’Energiepolitik misst ökologesch sinn an op engem neien europäesche Sozialpakt berouen.

Ähnlech hat de Poopst Franziskus a senger europäescher Ried 2017 betount: „Dee gréisste Bäitrag, deen d’Chrëschten Europa haut gi kënnen, ass ze rappelléieren, dass Europa net en Ensembel vun Zuelen oder Institutiounen ass, mä dass et aus Persoune besteet.“

An 2016 hat en e Saz gesot, dee gutt elo virun Ouschtere passt: D'Chrëschtentum misst déi chrëschtlech Wuerzele vun Europa netzen, mä an enger Déngschthaltung, esou wéi d’Fußwaschung vum Jesus op Gréngendonneschdeg, wou hien den Apostelen d’Féiss gewäsch huet. „D’Aufgab vum Chrëschtentum ass, Europa dësen Déngscht ze erweisen.“