D'Anne Brasseur schwätzt an hirer Carte Blanche vun der Fräiheet vum Mënsch a vum Respekt vun de Mënscherechter. Eng Selbstverständlechkeet.

AUDIO: Carte Blanche vum Anne Brasseur

No den Atrocitéiten, ënnert deene ganz Generatiounen, virun allem awer eng sëlleche Minoritéiten, wärend 2 Weltkricher schrecklech gelidden hunn, hunn d’Vereenten Natiounen den 10. Dezember 1948 déi allgemeng Erklärung vun de Mënscherechter verkënnegt.

Jidder Mënsch huet déi selwecht Rechter, onofhängeg vu senger Hierkonft, Hautfaarf, Geschlecht, Sprooch, Relioun a vu sengen Iwwerzeegungen. Esou léisst sech de Grondsaz vun der UN-Mënscherechtserklärung resuméieren.

Dëse Grondsaz ass fir ons haut eigentlech eng Selbstverständlechkeet, mä fir déi ons Virfaren haart hu misse kämpfen. EIGENTLECH eng Selbstverständlechkeet. An awer gesäit d'Realitéit a ville Länner aneschters aus. Ethnesch Minoritéite gi verfollegt, reliéis Fanatiker kämpfen hir onsënneg Glawenskricher a vill Frae kënnen nëmme vun deene Rechter dreemen, déi hir männlech Matbierger genéissen.

Net nëmmen hu vill Länner a Regiounen nach eng sëllechen Etappe viru sech, fir d'Mënscherechter ze garantéieren, muncher Land mécht esouguer gewalteg Schrëtt no hannen. De Brunei huet den 3. Abrëll d'Doudesstrof fir Homosexueller a Form vu Stengegung agefouert. Stengegung 2019, dat léisst ee schudderen.

Mä och an anere Länner si mer nach wäit ewech vum Respekt vun de Mënscherechter.

Et ënnersträicht, datt et net vu Muttwëll war, datt onse Staatsminister Xavier Bettel virun e puer Wochen an Egypten a Präsenz vu Vertrieder vun der Arabescher Liga ugeprangert huet, datt hien als Homosexuellen a ville vun deene Länner, déi ronderëm den Dësch souzen, agespaart géif ginn oder esouguer d'Doudesstrof ze fäerten hätt. Bravo un de Staatsminister fir säi Courage.

Dacks gëtt gesot, déi sougenannte westlech Wäerter géinge géint déi traditionell Wäerter goen. Mir hunn all déi selwecht Wäerter ënnerschriwwen, déi an der allgemenger Erklärung vun de Mënscherechter verankert sinn. A mir Europäer gi mat der Convention des droits de l'homme glécklecherweis esouguer nach méi wäit, wat awer vun europäesche Populisten net respektéiert gëtt .

Loosst ons net vu populistesche Beweegungen arieden, et wiere mir GÉINT déi aner. Nee, et ass mir zesumme mat deenen anere fir d’Fräiheet vum Mënsch, fir d’Fräiheet vum Eenzelen an dat iwwerall.

Jidderee vun ons ass gefuerdert, fir sech anzesetzen, fir dass de Respekt vun de Mënscherechter bei ons eng Selbstverständlechkeet bleift an iwwerall eng Selbstverständlechkeet gëtt.