Europa deet sech an der Lescht schwéier, fir e politesche Konsens ze fannen, virun allem an aussepolitesche Froen, an da brennt zu Paräis eng Kathedral – dozou eng Carte blanche vum Jean-Luc Thill.

AUDIO: Carte Blanche vum Jean-Luc Thill

Et gouf eng Zäit, do ware Katastrophen eng Strof vun de Gëtter, fir mënschlecht Feelverhale virun allem um moralesche Plang ze erklären. Dës infantil Opfaassung vun der Welt krut 1755 en abrupt Enn mam Äerdbiewe vu Lissabon. Souzesoe mat symbolescher Kraaft gouf déi portugisesch Haaptstad den 1. November wärend der Allerhellge-Mass an de Koup gerëselt. Wéi d’Aussepolitik vun all ziviliséiertem Land am 18. Joerhonnert war deemools och déi vun de Portugise sécher net kompatibel mat de Mënscherechter, wéi mer se haut kennen. Nawell konnt kee sech e mënschlecht Versoe virstellen, wat eng Strof an deem Ausmooss géif verdéngen.

Séier gouf kloer, datt d'Natur fir de Mënsch eng Gefor duerstellt, och ouni reliéisen an iwwermënschlechen Hannergedanken. Wärend sech Theologen a Philosophe weiderhi beim Problem vun der Theodizee – also der Fro, wéi een allmächtege Gott dat Béist an der Welt kéint zouloossen – an d’Hoer kruten, wollten aner Wëssenschaftler sech deem manner theoretesch unhuelen. Sou wären et virun allem Physiker, déi sech op d’Sich no deem engen oder anere Naturgesetz gemaach hunn, fir an Zukunft besser op sou Katastrophe virbereet ze sinn. Erklärungen à la Keelepartie am Himmel konnt kee méi iwwerzeegen.

Allerdéngs kann déi ganz Vernonft a Wëssenschaft bis ewell eppes nach ëmmer net leeschten: sou Katastrophe verhënneren. Deemno kuckt ganz Europa - wéi wuel och de Rescht vun der Welt - am Moment geschockt op Paräis! Am laizistesche Staat par excellence fänkt an der Karwoch eng Kathedral Feier. Net iergendeng Kathedral, mä d'Notre-Dame vu Paräis also "the" Kathedral tout court. Nieft der Ironie vum Schicksal – egal wéi traureg dat och ass – gesellt sech nach e battere moralesche Goût. D’Fro, firwat et Europa op eemol sou einfach fält, fir bei engem niddergebrannte Gebai kuerzfristeg sou vill Energie a Ressourcen ze mobiliséieren? Dat selwecht Europa, dat sech beim Krich a Misär vun deenen anere Länner a Leit nämlech traureg traditionell schwéier deet – ëmmer erëm an ëmmer nach.

Do stellt sech dach d’Fro un d'Politik: wat mécht et da sou einfach, bei deenen enge Katastrophe fräiwëlleg ze hëllefen a bei anere wéi Biergerkrich a sozialen Onrouen dacks laang a gedëlleg nozekucken? Oder ass den humanitären Asaz vu Regierunge letztendlech een trojanescht Päerd, dat ganz aner Interesse verstoppt?

Ethesch gesi steet Europa allzäit op wackelege Féiss.