Virun de Wale vun 2018 war an de politeschen Diskussiounsronne vill rieds vun engem Bildungsdësch. D’Politik am Beräich Educatioun soll net länger dem Minister a sengen enkste Beroder virbehale sinn, mee d’ganz Gesellschaft matabannen. Wéi steet et elo ëm dës Iddi? De Gaston Ternes geet drop an.

AUDIO: Carte Blanche vum Gaston Ternes

An der Regierungserklärung 2018-2023 geet Rieds vun engem "Bildungsdësch". Vertrieder vun den Enseignanten, vun den Elteren a Schüler, vun de Sozialpartner aus dem politeschen an ekonomeschen Ëmfeld, vun der Zivilgesellschaft sollen nieft dem Observatoire de la qualité scolaire an dem Médiateur scolaire un dësem Bildungsdësch deelhuelen.

Elo gëtt et awer schonn duerch d’Gesetz vum 10. Juni 2002 ee Gremium, wou 36 Vertrieder aus eben dësen Domainen dra sinn: de "Conseil Supérieur de l’Education nationale".

Et kann ee sech also froen: Ass dat, wat mam "Bildungsdësch" gemengt ass, da nëmmen déi al Struktur, just e bësse méi attraktiv verpaakt?

Abee, menger Meenung no kann d’Initiativ eng excellent Geleeënheet sinn, fir déi Betraffe wierklech mat anzebannen.

Esou ee "Bildungsdësch" brauch dofir a sengem Kärstéck ee "Motor vun der Prozess Gestaltung", fir dass seng "Représentants" - wéi am Regierungsaccord steet - och richteg „Vertrieder“ sinn. Do geet et da net duer sech op seng perséinlech Meenung, säi Bauchgefill oder seng Expertise ze beruffen. Nee, als “Vertrieder” vun engem Interessegrupp huet een d’Meenung vun dem ganze Corps u Leit déi ee vertrëtt, mat anzebréngen. Dëst verlaangt also am viraus bei all wichtegem Thema eng breet Consultatioun vun deene Leit déi ee vertrëtt. Et verlaangt ee grousse Professionalismus am Organiséieren vun demokratesche Prozesser; et brauch eben ee  Motor deen dat iwwerhaapt emol erméiglecht.

An dann heescht et nach eppes aneres: deen ale "Conseil Supérieur de l’Education nationale" war nëmmen ee berodend Organ fir de Minister. Wann een den Engagement vun de Leit Eescht hëlt an éiere wëllt, da muss d’Meenung déi sech erausschielt, och bei der Decisioun hire kloren Nidderschlag fannen. Éier esou ee Bildungsdësch iwwerhaapt takt, misst d’Politik de legale Kader heifir geschaf hunn. Ee Minister kéint an dem Modell nach eng Kéier Réckfroe stellen, Saachen ze bedenke ginn, hie kéint awer d’Decisioun vun dem Bildungsdësch net einfach ignoréieren oder kippen. Et wär ee schéint Beispill vu geliefter Demokratie, wou et sech lount sech als Eenzele mat anzebréngen.

Et sinn des béid Komponenten "Matabezéien vun den Acteuren um Terrain" an "den Impakt vun de Resolutiounen aus dem Bildungsdësch" un deene mir moosse kënnen op dës Initiativ  "Bildungsdësch" geléngt.