Wunnengsnout gëtt et net nëmmen zu Lëtzebuerg. A ganz Europa hunn ëmmer méi Leit Problemer, fir sech eng anstänneg Wunneng ze leeschten. Fir deem entgéintzewierken, huet sech elo eng europäesch Biergerinitiativ gegrënnt. Dozou eng Carte blanche vum Gilles Hempel.

AUDIO: Carte Blanche vum Gilles Hempel

De 26. Mee wiele mir eis Vertrieder an d’Europaparlament. Nieft deenen Europawalen huet den europäeschen Bierger awer nach eng zweet Méiglechkeet, sech an den demokrateschen Prozess anzebréngen: iwwert eng sougenannten "Europäesch Biergerinitiativ". Dat funktionéiert sou ähnlech wéi déi Petitioune bei eis an der Chamber, just eben op europäeschem Niveau. Et brauch een insgesamt 1 Millioun Ënnerschrëften aus 7 verschiddene Länner. Wann een déi zesummekritt, da kënnt et zu enger ëffentlecher Unhéierung am EU-Parlament an och d’EU-Kommissioun muss offiziell reagéieren.

Well a ganz Europa d’Wunnengsnout ëmmer méi grouss gëtt a vill Leit sech keng anstänneg Wunneng méi leeschte kënnen, huet sech elo sou eng europäesch Biergerinitiativ zum Thema Logement gebilt. Ënnert dem Label "Housing for all" ginn hei 5 Fuerderunge gestallt:

  1. E besseren Zougang zu subventionéiertem Wunnraum fir jiddwereen. 82 Milliounen Europäer musse méi wéi 40% vun hirem Akommes opbréngen, fir hir Wunnkäschten ze decken. Dofir brauche mir net nëmme soziale Wunnraum fir déi Aarm, mee abordabele Wunnraum fir jiddwereen.
  1. Ëffentlech Investitiounen an de bezuelbare Wunnraum sollen net méi ënnert Defizitkriterie vu Maastricht falen. D’Memberstaate vun der EU solle kënne massiv an den abordabele Wunnraum investéieren, ouni dass dës Ausgabe fir déi 3%-Defizit-Grenz consideréiert ginn.
  1. Méi een einfache Zougang zu europäesche Gelder fir ëffentlech a gemengnëtzeg Bauträger. Organisatiounen, déi hir Gewënner integral a bezuelbare Wunnraum investéieren, solle vun der Europäescher Investitiounsbank Suen zu gudde Konditioune geléint kréien.
  1. Kloer Reegelen op europäeschem Niveau fir d’Kurzzeitvermietung vu private Wunnengen. Ëmmer méi Wunnenge ginn dem reguläre Wunnengsmaart entzunn, fir lukrativ iwwert Internetplattformen un Touriste verlount ze ginn. Déi Wunnenge sinn dann net méi disponibel fir déi Leit, déi se wierklech brauchen.
  1. Standardiséiert Erfaassung vun Donnéeën zur Wunnsituatioun an allen europäesche Länner. Domat kéinte regional Feelentwécklunge fréizäiteg erkannt ginn an néideg Mesuren zäitno ëmgesat ginn.
Fir d’EU-Parlament an d’EU-Kommissioun mat eise Fuerderungen ze konfrontéieren, brauche mir wéi gesot eng Millioun Ënnerschrëften an Europa an dovun och mindestens 4.500 hei aus Lëtzebuerg. Ech wier houfreg, wa mir déi géifen zesummekréien.

Dofir gitt alleguer op: www.housingforall.eu an ënnerschreift do eis Petitioun.

Meng europäesch Kollegen an ech zielen op Är Ënnerstëtzung!