Vum Spill ouni Grenzen aus de 70er Jore bis bei d'Spill mat de Grenzen, 50 Joer dono. Eng Rees duerch d'Welt, proposéiert vum Tom Bellion.

Wien erënnert sech net un d'Spill ouni Grenzen, eng vun de Kult-Emissiounen aus de 70er Joren?

Do goung et drëms, dass Ekippe géintenee ugetratt sinn, fir no ee puer Ronne vu méi oder manner spektakuläre Spiller, de Gewënner vum Owend auszemaachen.

Wann een d'Aktualitéit an de leschte Wochen a Méint suivéiert huet, da konnt een d'Impressioun kréien, engem Spill ouni Grenzen nozekucken. Mat dem Ënnerscheed, dass alles batteren Eescht ass, an dass eigentlech éischter mat de Grenze gespillt gëtt.

Brexit. Eis britesch Frënn spille sech an hirem Parlamentarismus zanter Wochen héich.

A scheinbar onendleche Ronne schéisse si de Ball hin an hier, fir ze kucken, wien dann herno gewënnt: Brexiteers, oder déi Britten déi zu Europa stinn. Dat ass zimlech grenzwäerteg an et ass ze fäerten, dass si all verléieren... a mir mat.

A wien gewënnt? Majo d'Wettbüroen.

Mëttelmier.  D'Bild vu hëlleflose Mënschen op iwwerfëllte Schëffer am Mëttelmier ass net nei. An awer ass et ëmmer nees erschreckend. Mënschen, wéi Dir an ech, dreiwen tëscht de Grenze vu X Staaten a waarden drop, dass ee sech hirer erbaarmt. Do gëtt a mengen Ae ferme mat de Grenze vun der Mënschlechkeet gespillt. A wien verléiert? Mir all de Respekt vrun eis selwer.

Mexiko.  De President vun de Vereenegte Staate wëllt mat aller Kraaft säi Walversprieche vun enger Mauer laanscht d'mexikanesch Grenz ëmsetzen. Dofir spillt hien all méigleche politesch a prozedural Schachzich fir sech géingt d'Demokraten duerchzesetzen. Hie spillt all Trump, pardon all Tromp. Fir eng Mauer mat der olympescher Gréisst vun iwwert 3.000 Kilometer ze bauen. Wie gewënnt ? Ma déi déi de Beton an de Stol liwweren.

Lëtzebuerg.Wann een d'Präisentwécklung vun den Immobilien zu Lëtzebuerg kuckt, da stellt een sech d'Fro wou dann do Grenze sinn. Wann et effektiv esou ass, dass dee gréissten Deel vun den Terrainen an den Hänn vun ee puer Spiller läit

- erënnert dat net staark u Monopoli - da geet déi Partie net gutt aus.

Den éierbare Bierger, deen dovunner dreemt an haart dofir schafft, fir Proprietär vun enger Kabaischen ze ginn, stéisst hei ganz séier u seng finanziell Grenzen a verléiert dee Match.

Ech kéint een elo nach mat X Beispiller weiderfuere wou Grenzen iwwerschratt ginn. Mä dat géif déi zäitlech Limitt vun dëser Carte Blanche sprengen.