An der leschter Zäit gëtt sech vill beschwéiert datt déi gängeg Bankoperatiounen ze deier sinn an derbäi och nach zimlech komplizéiert sinn, wann ee se da selwer ausféiert. Dat verlaangt eng aner Approche. An dëser Carte blanche gëtt gesot, firwat nohalteg Finanzen ee Wee sinn, wéi een d'Finanzen de Mënschen erëm méi no kéint bréngen.

Am Laf vun de leschten 10 Joer huet déi Europäesch Unioun am ganzen eng 1.460 Milliarden Euro u Kapitalhëllefe fir de Finanzsecteur erlaabt. Duerfir huet elo kierzlech d'Kommissioun en Audit an Opdrag gi fir ze kucken op all déi Hëllefe justifiéiert waren an och de Reegele vun der Europäescher Unioun entsprach hunn.

Derbäi goufen och nach Liquiditéits Hëllefen erlaabt fir Enkpäss an der Tresorerie vun enger Rei Acteuren am Finanzsecteur ze iwwerwannen, déi ee Montant vu méi wéi r3.660 Milliarden Euro duerstellen.

Och wann déi Sue glécklecherweis net all hu missen ausbezuelt ginn a schonn ee gudden Deel op haut zréckbezuelt ginn ass, stellt et ee gewaltege Montant duer.

Et war eng eemoleg Aktioun, wou an deene betraffene Länner, all Bierger als Steierzueler dru bedeelegt war, fir esou dee Secteur erëm staark ze maachen, well dee jo esou eng wesentlech Roll am Déngscht vun eiser Ekonomie anhëlt a schliisslech am Déngscht vun alle Bierger.

An de Kreesser vun der Mikrofinanz gëtt dës Aktioun vun den Europäeschen a vun de nationalen Autoritéiten als absolut berechtegt an noutwenneg unerkannt. Schliisslech goung et drëms ze verhënneren datt de gesamte Finanzsecteur a gläichzäiteg déi ganz Ekonomie a geféierlech Turbulenze gerode wieren.

Nieft dësem ganz positive Resultat gëtt et awer eng Rei rezent Entwécklungen am Finanzsecteur déi a Kreesser vun der Mikrofinanz mat Suergen observéiert ginn. Et fält op datt trotz deene massiven ëffentlechen Hëllefen, de Finanzsecteur ëmmer méi deier fir den einfache Client gëtt. Derbäi kënnt dann och datt et ëmmer méi komplizéiert gëtt fir esouguer einfach Operatioune selwer duerchzeféieren. Aus deenen zwou Ursaache fille méi a méi Leit sech marginaliséiert, a wann net souguer aus dem Finanzsecteur ausgeschloss.

Elo ass et net verwonnerlech datt d'Meenung opkënnt de Finanzsecteur géif virun allem derzou bäidroen datt déi grouss Verméigen nach méi grouss ginn, mä datt näischt fir déi einfach Clientë gemaach gëtt. Doduerch géif dann den Ecart tëscht Räich an Aarm ëmmer weider wuessen. Et ass schued datt esou eng Meenung opkënnt, mä leider ass et schwéier fir d'Roll déi de Finanzsecteur fir den einfache Client spillt, verständlech ze erklären.

D’Acteure vun der Mikrofinanz leeën duerfir grouss Hoffnungen an den Opbau vun enger nohalteger Finanz. Si begréissen an ënnerstëtzen hei ganz besonnesch de rezenten Aktiounsplang vun der Europäescher Kommissioun fir eng méi gréng a méi propper Wirtschaft opzebauen. Esou eng nohalteg Finanz verdéngt jo nëmmen hiren Numm wa se dozou déngt eng nohalteg Ekonomie ze finanzéieren a keng spekulativ Finanzoperatiounen, déi keng direkt Relatioun zur reeller Ekonomie hunn.

Dat gëtt schonn eng grouss Ëmstellung déi vun alle Parteie vill Ustrengunge verlaangt. Och ka se nëmme laangfristeg erreecht ginn. Déi nohalteg Finanz ass awer ee richtege Wee wann et drëms geet de Finanzsecteur dem einfache Client nees méi no ze bréngen an dëse bewosst mat anzebauen.

*Michel Maquil

Fräie Finanzberoder

Fréieren Direkter vun der Lëtzebuerger Bourse