De Benoît Reiter, Jurist an Historiker, analyséiert e puer Episoden aus dem Grand-Duc Jean senger Biographie.

AUDIO: Eng Carte Blanche vum Benoît Reiter

An de leschte Wochen hu mir ganz vill iwwer de Grand-Duc Jean, säi Liewen a Wierke gelies an héieren. Et ass mer wichteg, hei kuerz ze weisen, wéi de Prënz, Ierfgroussherzog an duerno Grand-Duc Jean matgehollef huet, strategesch Weiche fir eist Land richteg ze stellen.

Et louche mol keng zwee Joerzéngten tëschent dem Enn vum Éischte Weltkrich an der Scolariséierung vum Prënz Jean an engem engleschen Internat. Dësen Akt war a mengen Aen absolut net anodin. De jonke Prënz, an natierlech seng Elteren, hunn domat e kloert Zeeche gesat, mat dem Wonsch, dass den zukünftege Lëtzebuerger Staatschef seng Ausbildung an engem westleche Land mat enger laanger demokratescher a parlamentarescher Traditioun sollt kréien. Dëse Schrëtt ass duerno duerch en zweeten ergänzt ginn, nämlech dem Engagement vum Ierfgroussherzog Jean an der englescher Arméi 1942. Duerch dës Demarche op der Säit vun den Alliéierten huet dee jonke Mann dat gemaach, wat säit Joerhonnerte vu Kinneken a Fürsten erwaart gëtt, nämlech säi Land mat der Waff ze verdeedegen, och mam Risiko dat eegent Liewen ze verléieren. Den Ierfgroussherzog huet mat dësen Engagementer a jonke Joren Lëtzebuerg op d’Säit vun de Gewënner vum Krich gestallt an domat och gehollef auszeschléissen, dass erëm eng Diskussioun iwwert eist Land a seng Onofhängegkeet géif ufänken, sou wéi dat nom Éischte Weltkrich de Fall war. Wat kann e Prënz Gréisseres maachen, wéi ze hëllefen d’Integritéit vu sengem Land sécher ze stellen ?

De Grand-Duc Héritier huet dunn e puer Joer drop eng aner symbolesch Handlung vollzunn, déi och dem Zil vun der Lëtzebuerger Eegestännegkeet gedéngt huet. Nom Éischte Krich war jo de Wonsch vun eise belschen Noperen, fir Lëtzebuerg ze annexéieren net ze iwwersinn. Aus der Perspektiv vun de belschen Autoritéiten, war dat natierlech verständlech, well et hinnen erlaabt hätt, d’Trennung vun 1839 réckgängeg ze maachen, an en Zoustand erëm hierzestellen, deen et säit dem 15. Joerhonnert gouf. Dee Moyen, dee benotzt ginn ass, fir eng frëndlech Relatioun mat der Belsch ze sécheren, nämlech e Bestietnes, ass genau sou traditionell fir Prënzen, wéi dee vum Krich. Duerch de Mariage mat der belscher Prinzessin Joséphine-Charlotte, Duechter, Schwëster an Tatta vu belsche Monarchen, huet den Ierfgroussherzog Jean säi Bäitrag geleescht, zu excellente Relatioune mat eisem groussen Nopeschland am Westen. Ech mengen net, dass de Wonsch vun enger Annexioun vu Lëtzebuerg haut nach an iergendengem Kapp an der Belsch ronderëm spuukt. Dass dat elo anescht ass, wéi viru genau 100 Joer, ass och dem Prënz Jean säi Verdéngscht.

Mee et ass net nëmmen de jonke Prënz an Ierfgroussherzog, dee sengem Land strategesch Déngschter geleescht huet. Fir e ganz klengt Land ouni reell militäresch Kraaft wéi Lëtzebuerg, ass et wichteg, mat kengem Nopeschland a Konflikt ze geroden an ze vermeiden, dass dës Noperen sech bekrichen. Dofir ass den Zesummenhalt an Europa fir eis essentiell. Den europäesche Gedanken an de Refus vum « jiddweree fir sech » huet de Grand-Duc Jean a senger Ried bei der Iwwerreechung vum Karlspräis kloer thematiséiert. Mir sollten dës Ried nach eng Kéier um Europadag liesen an eis dëse Message zu Häerz huelen.