De Bob Reuter, President vun AHA Lëtzebuerg, mécht sech Gedanken driwwer, wisou kontrovers Kritik muss däerfe sinn, och wa se net ëmmer gefält.

AUDIO: Carte Blanche vum Bob Reuter

Säit circa 9 Joer gëtt et AHA Lëtzebuerg. Et huet alles ugefaangen mat enger Buscampagne mat där mir d’Léit zu Lëtzebuerg invitéiert hunn, dozou ze stoen, wa si net reliéis sinn. D’Ziel war deemools fir den net reliéise Mënschen hei am Land ze weisen, dass si net alleng sinn, hinnen eng Stëmm ze ginn, hier Interessien ze vertrieden an eis fir hier Rechter anzesetzen. Dat koum net bei jidderengem gutt un.

Mir hunn och offe gesot, dass mir net gleewen, dass et “Gott” gëtt oder soss eppes “Iwwernatierleches”. Mir hunn eis och getraut ze soen, wa mir gemengt hunn, dass d’Leit eng gekréckelt kréien a vun hirer Liichtgleewegkeet profitéiert gëtt. Dat koum net bei jidderengem gutt un.

Mir hunn och d’kathoulesch Kierch kritiséiert, als Organisatioun. Mir hunn eis fir eng Trennung vu Kierch a Staat agesat, op alle Niveauen, well mir denken, dass de Staat keng Relioun oder och soss keng Weltuschauung däerf privilegéieren. Dat koum net bei jidderengem gutt un.

Mir wäerten awer och an Zukunft de Fanger an d’Wonn leen an op Mëssstänn opmierksam maachen. Dat ass eng vun den Aufgaben déi mir eis ginn hunn, och wann dat net bei jidderengem gutt ukënnt.

Eis Kritik um reliéise Glawen, der Institutioun kathoulesch Kierch oder der Finanzéierung vun de Reliounsgemeinschaften duerch de Staat gëtt vu ville Léit als een perséinlechen Affront opgeholl.

Wéi wann een sech, hei am Land, net trauen dierft sou eppes ze soen, wéi wann dat intolerant wär; obwuel et selbstverständlech ass, dass reliéis Léit soen däerfen, dass si Saache gleewen déi anerer bosseg fannen.

Natierlech däerf jiddereen an eiser oppener demokratescher Gesellschaft gleewen wat hien oder hatt fir richteg, fir wouer oder fir schéin hält. Mir wëllen och iwwerhaapt kengem säi Glawen ewechhuelen oder eis Positioun opzwéngen.

Awer et ass eist gutt Recht eis Positioun duerzeleeë a mir sinn och gär bereet déi kontrovers ze diskutéieren, soulaang dobäi de Ball a net de Mann gespillt gëtt.

Wa mir deen een oder dat anert domadder iwwerzeegen, da free mir eis, natierlech. Wa net, dann hale mir dat och aus.