De 24. Mee huet Youth For Climate fir seng zweet Manifestatioun opgeruff. Et wäerten och dann erëm e puer dausend Jonker zu Lëtzebuerg fir eng méi ambitiéis Klimapolitik zu Lëtzebuerg demonstréieren. Dozou eng Carte Blanche vum Paul Estgen, Soziolog am Centre Jean 23.

Ech muss éierlech zouginn, dass ech iwwerrascht war, positiv iwwerrascht, dass d’Jugend zu Lëtzebuerg sech organiséiert huet, fir sou eng Manifestatioun ze maachen. Jonker, déi sech bewosst sinn, dass déi Fro vum Klimaschutz eng zentral Fro ass, wann et ëm hir Zukunft geet. Eng Fro, wou si sécher net all Äntwerten hunn. Mee si fuerderen, dass déi Leit, déi haut an der Responsabilitéit stinn (Politik a Wirtschaft) konsequent ons Gesellschaft ëmbauen, fir deenen nächste Generatiounen eng liewenswäert Ëmwelt ze hannerloossen.

No der éischter Manifestatioun gouf et an der geschriwwener Press ganz kritesch Lieserbréiwer, notamment vun 2 Proffen. Si werfen de Jonken vir, dass si profitéieren, fir d’Schoul ze schwänzen. Domadder géifen déi Jonk beweisen, dass se net bereet sinn, en eegene Sacrifice ze maachen an dass se eigentlech net kompetent sinn, fir bei sou komplexen Themae matzediskutéieren.

Mee wat ass d’Schoul ? Déi zwee Proffe gesinn d’Schoul a senger idealistescher Form vun engem Uert vun der Wëssensvermëttlung, dat d’Konditioun ass, fir en fräien politeschen, kriteschen Bierger ze sinn.

Wann een dat elo aus der soziologescher Perspektiv betruecht, dann ass et kloer, dass d’Schoul och als Institutioun muss analyséiert ginn. Fir d’Jugend ass Schoul e Symbol vun der Autoritéit vun der Gesellschaft. Net fir näischt si Proffe Fonctionnairen a keng Fräiberuffler. D’Schoul ze bestreiken, ass dofir an hirem politeschen Horizont, déi richteg Plaz, wou si sech mat der Staatsautoritéit konfrontéieren an et fonctionnéiert. De Ministère musse sech domadder beschäftegen, d’Eltere si befaasst, d’Politiker musse sech positionéieren. An deem Sënn kann een nëmme soen, d’Schüler hunn intuitiv de richtege Choix gemaach, fir dass hiert Uleies zum Thema Klimapolitik och bei den Erwuessene wouergeholl gëtt.

Déi zweet Kritik, mat där d‘Jugend konfrontéiert gëtt, ass hir Onwëssenheet iwwert d’Klimaproblematik. Hinne gëtt virgeworf, keng Spezialisten ze sinn an domadder just mat hirem Bauchgefill op d’Strooss ze goen. Ech deelen dës Situatiounsbeschreiwung net. Natierlech si se keng Spezialiste an hu keng fäerdeg Léisungen. Mee bei alle grousse sozialen Mouvementer (denken mer u Mee 68) geet et dorëms, fir sech eng Ëffentlechkeet ze verschaffen, déi et erlaabt, dass de Problem eescht geholl gëtt an um politeschen Agenda no uewe réckelt.

Sou sozial Beweegunge sinn och ëmmer e Moment vu Formatioun fir all déi drun deelhuelen, an ech sinn iwwerzeegt, dass duerch dës Beweegung vu Youth For Climate, vill Jonker sech intensiv mat deem Thema beschäftegen an domadder sech och dat néidegt Wëssen uneegnen.