D'Anne Goeres, Direktesch vun der Fondatioun Kriibskrank Kanner, begréisst de Courage vum Dewayne Lee Johnson. En richteg Geschicht vum David géint de Goliath.

AUDIO: Carte Blanche vum Anne Goeres

Dewayne Lee Johnson: Seet Iech deen Numm eppes?

Den Dewayne Lee Johnson ass en Held. Hien ass knapp ënner 50 Joer al a war säi Liewe laang Gäertner. Hien huet Kriibs am Endstadium.

Den Dewayne Lee Johnson huet Monsanto op d’Geriicht geholl. Hien huet se ugeklot, well si d’Gefore vum Glyphosat, deen a verschiddene vun hire kommerziellen Produiten dran ass, jorelaang verstoppt hunn. Zum Beispill am Round-up, e Produit, dee mer all kennen an deen et haut och zu Lëtzebuerg am Buttek ze kafen gëtt.

Leschte Summer huet dat kalifornescht Geriicht hire Verdikt ginn: Monsanto huet missten 289 Milliounen Dollar Schuedenersatz bezuelen. Des Strof ass zwar duerno erofgesat ginn, mee de Verdikt ass duebel: net nëmme gouf beluecht, datt de Round-up wierklech kriibserreegend ass, mee ausserdeem gouf Monsanto responsabel gemaach iwwert Desinformatioun bei de Verbraucher.

Den Dewayne ass erliichtert. Hien huet Kriibs am Endstadium, awer fir seng Famill ass gesuergt.

Dëse Prozess ass historesch, well e sténk-normale Bierger sech getraut huet, e Weltkonzern unzekloen. E Konzern, dee sech d’Keese fëllt mat engem Produit, wou scho laang gewosst ass, wéi schiedlech en ass. Mëttlerweil si schonn e puer Kloen nokomm a verschidden amerikanesch Affekotebüroen hu sech a Punkto Sammelklo an der Affär Monsanto spezialiséiert.

All Patient, dee Kriibs kritt, freet sech firwat: hunn ech net gesond gelieft? ze vill gefëmmt? ze vill Stress ouni dee richteg ofzebauen? Wéi och ëmmer sinn d’Grënn vum Kriibs – zemools bei Kannerkriibs nach net genuch erfuerscht a wann dann, wéi beim Round-up, kloer feststeet, dat datt kriibserreegend ass, sollt et wierklech och um Maart verbuede ginn.

Ech erënneren kuerz drun, datt dat ee vun den Haaptproduite vu Monsanto, mëttlerweil Bayer, ass an duerch d’ganz Welt verkaf gëtt.

Den Dewayne Lee Johnson ass en Held. Hie schenkt jidderengem erëm d’Hoffnung, datt et sech lount, fir d’Liewen ze kämpfen, sech anzesetze fir eng Verbesserung. Trotz senger fataler Diagnos huet den Dewayne Lee Johnson et villäicht fäerdegbruecht, e puer Verbraucher ze iwwerzeegen, e bëssi méi Onkraut stoen ze loossen.

Well ënnert eis: léiwer e bëssi Onkraut wéi Kriibs am Endstadium, oder?