D’Fransousen hu jo grad déi leschten ETA-Gréisste geschnappt. Ass eng Säit, oder: eng Zäit lo definitiv eriwwer? Eigentlech scho méi laang: d’ETA huet sech bekanntlech selwer opgeléist. Allerdéngs: “Euzkadi”, vulgo: d’Baskeland verfügt lo selwer iwwert seng Finanzen...

AUDIO: Carte Blanche vum Paul Kremer

De Franco dréit sech nëmmen hallef a sengem Graf, am Valle de los Caidos, erëm – hien, dee gedreet hat: “Ech loossen wann néideg, hallef Spuenien erschéissen”, am Kräiz-Zuch, wou – seet stolz d’Kierch – keen een vun hire Leit ofgefall ass.

D’Kierch huet sech geännert , vläicht Spuenien, och wann d’Katalanen nach domat hir Schwieregkeeten hunn. Quokeleg Fro...

Net wéi am Fall vun Euzkadi. Et war kloer. Wéi sot do den José-Mari, Matgrënner vun der ETA? “Ech souz mat 16 am Prisong. Firwat? Ech hat e Gedicht geschriwwen, op baskesch: “O Baskeland, wéi gréng sinn deng Wisen, wéi blo däi Mier a wéi rout deng Rousen”.

Do versteet een, datt e Franco dat net konnt stoeloossen, an och de “Monde” huet deemools en Titel wéi “ETA gora” refuséiert.  “Es war einmal eine Zeitung” – sot dofir de Peter Handke an engem analoge Fall vu Serbien.

A sot dir: “D’ETA war dach eng Band! A vergiesst net déi 800 ëmmer zitéiert Affer vun hirem Terror!” – Wat ass dat am Vergläich zu den Dausende verschäerte Spuenier, déi net an engem Valle de los Caidos hier lescht Rou fonnt hunn?".