De Mount Mee 2019 war e spezielle Mount. An dat a villerlee Hisiicht. Besonnesch den 9. Mee war en Dag wéi keen aneren.

Dozou de Roland Pinnel a senger Carte blanche vun haut.

AUDIO: Carte Blanche vum Roland Pinnel

De vergaangene Mount Mee wäert an d’Annale vun der Lëtzebuerger Geschicht ënnert anerem agoen als dee Mount, an deem de Grand-Duc Jean an enger emouvanter an onvergiesslecher Zeremonie bäigesat ginn ass.

De Mount Mee 2019 war awer och dee Mount, an deem de 9. Mee als gesetzleche Feierdag agefouert gouf.

À propos 9. Mee: Am Krichsjoer 1944 war den 9. Mee och e besonneschen Dag, leider an engem total negative Sënn. Et war deen Dag, op deem déi alliéiert Truppen fir d’éischte Kéier Lëtzebuerg bombardéiert hunn. Iwwregens erënnert um Houwald, an der Gemeng Hesper, eng Strooss un dat Krichsevenement.

Den 9. Mee ass awer Gott säi Dank an der Tëschenzäit mat positive Gefiller besat. Hien erënnert un dem Robert Schuman seng Deklaratioun, déi hien 1952 am «Salon de l’horloge» um Quai d’Orsay zu Paräis gemaach huet. Dat war e Meilesteen beim Opbau vun deem, wat mer haut Europäesch Unioun nennen.

An deem Sënn entsprécht et jo och enger gewësser Logik, dass een deem fir d’EU esou wichtegen Dag mat enger «Journée de l’Europe» speziell gedenkt. Den 9. Mee ass bei eis elo souguer zu engem gesetzleche Feierdag deklaréiert ginn. Dat mécht ganz bestëmmt enger Rëtsch Leit, nämlech sämtleche Salariéen, vill Freed. Mä, wéi heescht et esou schéin? Deem enge seng Freed ass deem anere säi Leed. Vill Entreprisen, an dorënner besonnesch déi kleng Betriber, sinn awer och guer net frou mat där Decisioun. Dobäi kënnt dann och nach vun dësem Joer un en zousätzleche Congésdag.

Ech géif awer an deem Kontext ganz gär nach eng aner Iwwerleeung maachen: Mir Lëtzebuerger si bis elo dat eenzegt Land an der EU, dat den 9. Mee als gesetzleche Feierdag agefouert huet. Wat wär dat e schéine Message gewiescht, wann ee sech EU-wäit op ee gemeinsame fräien Europadag hätt eenege kënnen! Oder, solle mer eis domat tréischten – oder esouguer vläicht bretzen - dass dat klengt Lëtzebuerg alt erëm eng Kéier, wéi et schéngt, eng Virreiderroll gespillt huet?

Loosse mer mol déi nächst Jore kucken, wéi déi aner Länner dat an Zukunft handhaben an, op den 9. Mee och fir déi, tatsächlech en Dag wéi keen anere gëtt.

De Roland Pinnel ass Éirendirekter vum Luxembourg City Tourist Office.