Sollt een net Kultur aus hirem Eck eraushuelen an se als Transversal- Politik ugesinn déi Mënschen an Aktivitéiten nach méi verbënnt verbënnt. De Marc HOSTERT mat en puer Iwwerleeungen zu dësem Sujet.

1092 Sitte sinn op der Lescht vun der UNESCO  als “World Heritage of human mankind” ausgezeechent a klasséiert. Dorënner 845 Sitten déi aus engem Patrimoine culturel bestinn, 209 Natur-Sitten, an der 38 déi eng Kombinatioun vun engem historeschen-Site an engem Natur-Site sinn. Eleng an der EU- sinn 300 Sitte geschützt. Dorënner bis elo een aus Lëtzebuerg nämlech Alstad a Festung an der Stad. Des Sitte gi geschützt well se en aussergewéinleche Kulturellen- oder Natur-Wäert  fir déi ganz  Humanitéit hunn, an dofir fir déi zukünftegt Generatioune musse geschützt ginn.

AUDIO: Carte Blanche vum Marc Hostert

An der moderner Wuesstemstheorie a besonnesch an där vu groussen Agglomeratiounen a vu Metropolen  ënnert déi Lëtzebuerg  als reif an developpéiert Ekonomie fält, gëtt Kultur zanter laangem als klassesche Wuesstemdréiwer fir Tourismus, Gastronomie an all déi Servicer déi do ronderëm sinn, ugesinn.

Nei ass haut awer dass Kulturgidder esouwuel vun den “Anywheres” also deenen héich ausgebilte Leit déi och eist Land dringend sicht fir den aktuelle Wuesstem ze halen, déi iwwerall an der Welt en Job kënne fannen, als wichtege Facteur fir hier Decisioun consideréiert ginn.

Dobäi kennt dass an de groussen Agglomeratioun wat Land Lëtzebuerg eigentlech ass, an der Kultur- an  an der Kreativwirtschaft  hiren 11 Deelberäicher, Architektur, Editioun, Design, Film, bildend Konscht, an der duerstellender Konscht, Musek, Medien, Gaming, an, an der Publicitéit, ëmmer méi eng grouss ekonomesch Aktivitéit entsteet mat all hire positiven Effekter a Wiesselwierkungen  op aner ekonomesch Aktivitéiten.

Zanter laangem ass d’ Innovatioun, Fuerschung an nei Technologien net méi aus der Standuertpolitik ewech ze denken. Sollt een net Kultur aus hirem Eck eraushuelen an se als Transversalpolitik ugesinn déi Mënschen an Aktivitéiten nach méi verbënnt a grouss Wuesstem Potentialer fir Zukunft  huet an, deemno zum Deel och Standuertpolitik ass.

Gutt iwwerluechten Depensen an d’Kultur hunn net nëmmen e positiven Effekt op Kultur au sense stricte du Term mäi largement doriwwer eraus wei vill Studien an den europäesche Länner et beleeën an dëst net eleng an de kommerzielle Beräicher.

Depensen a Kultur sinn eng Investitiounen an Zukunft.

Speziell hei am Land ass d’eventuell Ufroe fir d‘Androe vun der grenziwwerschreidender Natur-Landschaft Éislek, mat den Nopeschlänner zesummen, als “World Heritage” oder  Renovatioun vun där enger oder anerer Gebléishal deemno an enger Ökonomie d’ Agglomeratioun als Investitioun an Zukunft ze gesinn.