Wéi muss d’Europaparlament nom Sonnden ausgesinn, fir dass Europa gestäerkt gëtt? Eng Carte blanche vum Jean Huss.

AUDIO: Europawalen: Eng Carte Blanche vum Jean Huss

Léif Nolauschterer an Nolauschterinnen,

De Sonnden wielt Dir en neit Europaparlament. Dat an enger Zäit, wou vill Leit desorientéiert an enttäuscht sinn iwwert de Fonctionnement vun Europa, iwwert de Brexit-Chaos, de Mangel u sozialer Gerechtegkeet oder och nach der ëmmer méi déiwer ökologescher Kris.

An et sinn dofir och net eleng déi zéngdausende vu jonke Leit op de Stroossen, déi sech europawäit ganz berechtegt Suergen a Gedanke maachen iwwert hir Zukunft an déi vun hire Kanner, eisen Enkelkanner.

Déi europäesch Jugend protestéiert zu Recht géint eng politesch Elite, déi hinnen net nolauschtert, géint eng Politik, déi hinnen hir Zukunft verbaut. Well déi neisten Donnéeën an Zuelen zum Klimawandel, zum Ausstierwe vun ëmmer méi Déieren, Planzen an Insekten, zum Pestizidverbrauch oder de Gesondheetsrisiken duerch Pollutioun sinn effektiv erschreckend.

Als President vum Ëmwelt- a Gesondheetsgrupp Akut soen ech hei och viraus, dass eis mënschlech Gesondheet, wann net endlech preventiv gehandelt gëtt, genee esou riskéiert, drastesch ënnert d’Rieder ze geroden: nach méi Kriibs, nach méi Allergien an neurologesch Problemer, nach méi Ëmweltkrankheeten. Esou kann an däerf et net weidergoen!

D’Haaptschold dorunner läit awer net um Sënn a Prinzip vun der europäescher Eenegung oder bei engem ze schwaachen Europaparlament. D’Haaptschold läit ganz kloer an deenen eesäiteg wirtschaftsliberalen EU-Traitéen, vu Maastricht bis Lissabon, déi d’Richtung vun der europäescher Entwécklung virginn. An déi goufe vun deenen an Europa dominéierende Parteien, den CDU an CSUen, de Wirtschaftsliberalen, Konservativen a rietse Sozialdemokraten, ausgehandelt an imposéiert.

Konkret an als Resultat vun dëse Verträg stoungen dofir an de vergaangenen 20 Joer meeschtens Wirtschaftsintressen am Virdergrond, dat heescht Wuesstems- a Profitintresse vu Banken an Fongen, Lobbyinteresse vu grousse multinationale Konzerner, wéi Bayer-Monsanto oder VW, oder och nach d’Interesse vun der Atom- a Kuelenindustrie, woubäi déi genannte konservativ Regierungen ëmmer national Wirtschaftsintressen um Bockel vun Ëmwelt- a Verbraucherschutz duerchgesat hunn, fir dann awer heuchleresch Europa dofir verantwortlech ze maachen.

Léif Wielerinnen a Wieler,

Dës Politik ass haut definitiv gescheitert, an hir politesch Vertrieder hunn all Vertraue verspillt. Mä och d’Rietspopulisten an d‘nationalistesch Extremisten, déi neierdéngs iwwerall an Europa aus hire Lächer krauchen an d’Rad vun der Geschicht wëllen zeréckdréinen, hunn net déi geréngste konstruktiv Alternativ unzebidden.

Wann Dir wëllt, dass Europa méi demokratesch, méi ekologesch a sozial gerecht soll ginn, musse bei dësen Europawale déi politesch Kräfteverhältnisser am Europaparlament déifgräifend verännert ginn. Et musse Politiker a Parteie gewielt ginn, déi de Schutz vun Ëmwelt a Gesondheet, d’Erausfuerderung vum Klimawandel an d’sozial Gerechtegkeet wierklech Eescht huelen an déi bestoend Traitéen och an deem Sënn wëllen ëmänneren.

D’Jugend an Europa geet op d’Strooss a mir mussen a kënnen se ënnerstëtzen, andeems mer e Sonnden eis Stëmm fir hir Zukunft asetzen  a fir e bessert Europa wielen!

Eng Carte Blanche vum Jean Huss

Ex-Deputéierten

President vun AKUT