En Donneschdeg ass d’Judith Kerr am Alter vu 95 Joer zu London gestuerwen. Hire Papp war ee vun de wichtegste Literatur- an Theaterkritiker an der Weimarer Republik. De Marc Limpach zum Doud vun der Schrëftstellerin Judith Kerr.

AUDIO: Carte Blanche vum Marc Limpach

Wéi den Alfred Kerr, 1948, déi éischte Kéier nom Krich, erëm eng däitsch Theateropféierung besicht huet, hat hien e fatalen Zesummebroch, huet awer am Spidol nach mat senger typescher Ironie gemengt: „Das Stück war schlecht, aber so schlecht war es dann doch nicht!“. 1933 huet d’Famill Kerr, mat deem klenge Judith, aus Däitschland misse flüchten an déi Emigratioun beschreift se spéider an hirem Buch „Als Hitler das rosa Kaninchen stahl“. Dat Buch ass bis haut eent vun de beschte Jugendbicher iwwert de Nationalsozialismus. Siwe Millioune Mol huet deen autobiographesche Roman sech verkaf. E Buch ouni Pathos aus der Siicht vun engem Kand, dat fir vill jonk Lieser an Europa déi éischt Ausernanersetzung mam Naziregimm bedeit huet. An d’Fro nom «firwat» bleift, och wann di lescht Zäitzeien vun deemools verschwannen. Zeenewiessel: An Éisträich war di lescht Woch den „Ibiza-Skandal“ Haaptthema. De Fall Strache weist, wéi di Rietsextrem politesch Verantwortung mat Féiss trëppelen, wann et ëm deen eegene Profit geet. Si wëllen d’Pressefräiheet an de Rechtsstaat aushiewelen an et ass wichteg, dass dat denoncéiert gëtt. Een Element vum Strache sengen Tiraden am Video war och di méiglech Privatiséierung vum Waasser an Éisträich. Domat kann ee Profit maachen. O-Toun Strache: "Des hat Sex." Awer natierlech just fir déi, di dovunner profitéieren dierfen. Fir d’Konsumente géing dat just méi héich Präisser bedeiten. D’Rietspopuliste behaapten zwar fir de "klenge Mann" ze sinn, sinn awer ouni Problem bereet Oligarchen op Käschten vun der Allgemengheet ze ënnerstëtzen a gläichzäiteg Aarbechtszäit-Flexibiliséierung duerchzedrécken (Stéchwuert: "12-Stunden-Tag"). Eng Carte blanche gëtt ëmmer am viraus opgeholl, dofir kennen ech d’Resultat vun den Europawalen elo nach net. Et gëtt jo d‘Hoffnung, dass dëse Skandal sech negativ fir di Riets auswierkt. Awer dat eleng ass ze kuerz geduecht: fir vill Wieler vun de Rietspopulisten hunn all di Skandaler keng laangfristeg Bedeitung. A Skandaler si jo en inhärenten Deel vun der populistescher Logik.

De Condorcet huet schonn 1791 iwwert autoritär Antidemokrate gemengt: "Sans doute il suffirait d'arracher aux chefs leur masque perfide; mais le pouvez-vous?" Wann d’Wourecht hannert der Mask iergendwann guer kee méi erschreckt, dann ass et ze spéit. Dofir brauche mer méi politesch Bildung a Kultur. Just "méi Europa" soen, ass keng Äntwert, wa net och konkret Schrëtt ënnerholl ginn, fir d‘EU de Mënschen mat hire wierkleche Suergen erëm méi no ze bréngen. Dat ass de wichtegsten Optrag fir dat neigewielten Europaparlament. Net all Europawal dierf an Zukunft zur Schicksalswal ginn. Den Éric Vuillard beschreift a sengem Buch "L'Ordre du jour" (Prix Goncourt 2017), wéi Hitler a Göring den 20. Februar 1933 – also grad an deem Moment wou d’Judith Kerr mat senger Famill, awer ouni säi rosa Kanéngchen, aus Berlin huet misse flüchten - d’Ënnerstëtzung vun den däitsche Groussindustriellen kréien an déi, als Géigeleeschtung, méi Profitter versprach kréien. Dem Vuillard seng Konklusioun "les plus grandes catastrophes s’annoncent souvent à petit pas". Nach ass näischt verluer.