D'Verfassungsreform geet elo an den Endspurt. Zäit fir de leschte Fine-Tuning. Dozou de Fernand Fehlen, fréieren Dozent op der Uni Lëtzebuerg.

AUDIO: Sprooch a Sproochen: Carte blanche vum Fernand Fehlen

D'Venedeg-Kommissioun ass eng Instanz vum Europarot, déi seng Memberstaaten a verfassungsrechtleche Froe beréit. Si huet en Avis zur neier Verfassung ofginn, an deem se och op hiren Artikel 4 ageet, an deem et heescht: "D'Sprooch vu Lëtzebuerg ass Lëtzebuergesch. D'Gesetz reegelt d'Verwendung vun der lëtzebuergescher, der franséischer an der däitscher Sprooch."

D'Kommissioun bemängelt, datt onkloer ass, wat dat heesche soll. Op Nofro krut se gesot, dës Ausso wär haaptsächlech symbolesch gemengt. Kee Wonner. Am Artikel 4 gëtt och nach de rout-wäiss-bloe Fändel, d'Nationalhymn an de Staatswopen definéiert.

Dëst ass Waasser op d'Mille vun all deenen, déi schonn ëmmer iwwerzeegt waren, datt d'Aschreiwe vun der Lëtzebuerger Sprooch an d'Verfassung nëmmen en eidele Geste mat engem elektoralistesche Calcul wär.

Aner Stëmmen, déi den Avis vun der Venedeg-Kommissioun kommentéieren, warnen iewel: Wa bis eemol an der Verfassung steet, datt Lëtzebuergesch d'Sprooch vu Lëtzebuerg wär, kéint dee Saz eventuell benotzt ginn, fir de Gebrauch vum Franséischen anzeschränken.

D'Venedeg-Kommissioun fënnt, datt déi wesentlech Elementer vum Sproocheregimm an der Verfassung erwäänt sollte ginn, fir Mëssverständnesser ze vermeiden. Ech kann hir nëmme Recht ginn. Mee just d'Gesetz vun 1984 ze widderhuelen, wär eng schlecht Léisung. Et brauch een eng méi allgemeng Formuléierung, déi zukünfteg Entwécklungen net verhënnert, mee déi wesentlech Acquise vun onser Sproochegeschicht festschreift. Ech selwer hunn och schonn iwwerluecht, wéi een dëst kéint maachen an hat Geleeënheet, meng Propose beim Bierger-Hearing am Juli 2016 an der Chamber virzedroen.

No deem éischte Saz iwwer d'Nationalsprooch, deen ech eng Nuance anescht formuléiere géif, misst en zweete stoen, deen ons Sproochgeschicht an de Sproochgebrauch resüméiert. Zum Beispill: Le français et le luxembourgeois sont les langues du Luxembourg. Wéinst dësem Saz krut ech e klenge Shitstorm op Facebook. Haaptsächlech vu Leit, déi net wëllen akzeptéieren, datt Franséisch d'Sprooch vun onse Gesetzer ass an och nach ëmmer ons Ekonomie dominéiert.

An engem drëtte Saz kéint een d'Méisproochegkeet als solches ervirsträichen, well si ass de gréissten Atout vu onsem Land.