D'Automatisatioun bewierkt, datt ëmmer méi Aarbechtsplazen riskéieren, ewechzefalen. D’Zuel vun den Aarbechtslose riskéiert also mëttelfristeg, ëmmer méi ze klammen. D’Zäit vun enger liewenslaanger, gesécherter Aarbechtsplaz wäert leider geschwënn eriwwer sinn.

AUDIO: Carte Blanche vum Francis Schartz

A quasi all Déngschtleeschtungs-, Handwierks- an Industriebetriber, jo souguer an der Landwirtschaft spillen déi nei Technologien eng ëmmer méi grouss Roll. Eng Rei vun Aarbechtsplaze ginn haut scho vu Roboter besat an d’Automatisatioun bewierkt, datt ëmmer méi Aarbechtsplaze riskéieren ewechzefalen.
Lo kann ee jo soen, dat déi nei Technologien och nei Aarbechtsplaze schafen. Allerdéngs brauchen dës ,héich qualifizéiert Leit, déi net onbedéngt um Lëtzebuerger Aarbechtsmaart ze fanne sinn.

D’Weiderbildungsoffere sinn haut scho ganz villfälteg. Leider maache si kaum aus engem Fabrécksaarbechter, deem seng Aarbecht vun engem Roboter iwwerholl ginn ass, ee Spezialist an der Biotechnologie oder der Informatik.

Wat also maachen?

Eng Léisung wier nei Beruffer ze erfannen. Vläicht kënnt een Aktivitéiten, déi haut am Benevolat verriicht ginn, zu engem vollwäertege Beruff entwéckelen. Mais egal wat een alles erfënnt, et wäert an Zukunft net méiglech sinn, déi aktuell Verdeelung vun der Aarbecht bäizebehalen.

De Kuch vun der Aarbecht wäert missen duerch méi gedeelt ginn, dat heescht d’Aarbechtszäit wäert missen drastesch gekierzt ginn an zwar obligatoresch.

Ausserdeem wäerten d’Zäite vun enger liewenslaanger, gesécherter Aarbechtsplaz geschwënn eriwwer sinn.

De Staat wäert gefuerdert sinn, fir déi néideg Regulatiounen um Aarbechtsmaart vun der Zukunft virzehuelen.

Wann deen Eenzelne wéineger Zäit op der Aarbecht wäert verbréngen, muss hien och eng gréisser Fräizäitoffer gebuede kréien.

Vläicht misst een an sou engen Zeenario och d’Iddi vum Grondakommes an d’Spill bréngen, dat dem Eenzelnen eng gewësse Sécherheet a sou enger turbulenter Aarbechtswelt géing bidden.

Mais wéi dat alles finanzéieren? Natierlech duerch eng Steierreform duerch déi all grouss Konzerner an all räich Individuen oder Gesellschafte gerecht besteiert géinge ginn.

Et ass kloer, datt ech hei just ee méiglechen Zeenario beschriwwen hunn. Awer zum Beispill déi politesch Parteien, d’Gewerkschaften an d’Beruffschambere géinge gutt drun doen, sech esou Zeenarien am Detail auszedenken, fir doduerch fir zukünfteg Entwécklungen um Aarbechtsmaart prett ze sinn.

*Pensionéierte Lycéesdirekter an Dokter an den Ëmweltwëssenschaften.