Kiercheraim, Kierchegebaier – a wat si ausléisen. Dozou eng Carte Blanche vum Georges Hellinghausen.

AUDIO: Carte Blanche vum Georges Hellinghausen

Spéitst nom spektakuläre Brand vun Notre-Dame gëtt kloer, wat fir déif Schichte representativ Kierchegebaier am Häerz vun de Mënsche beréieren, ob gleeweg oder net. Bei äis war de leschte Weekend dee vun den oppene Kierchen, wou 43 sakral Gebaier mat Extraprogramm op hir Konschtschätz landeswäit opmierksam gemaach hunn. An ëmmer méi Gemengen a Kierchefabricke schléisse sech dem internationale Netzwierk „Eglises ouvertes“ un, fir deene nei Intresséierten hir Kierche kontinuéierlech zougänglech ze maachen. Schonn en drëtten Ausbildungszyklus fir Kiercheguiden ass organiséiert a vermëttelt Kompetenzen, fir Kiercheraim adequat ze presentéieren. Zwee Drëttel vun eisem historesche Patrimoine zu Lëtzebuerg sinn nu emol sakral. E kënnt aus enger Zäit, wou d’Leit vill iwwreg haten a gespent hu fir dat Reliéist, fir Kierchen an hiren Inventaire. Eigentlech misst all Duerf sech glécklechschätzen, esou e Konschtwierk a senger Mëtt ze hunn, wou d’Séil vu senger Identitéit, senger Geschicht an Traditioun schléit. Eng Memoria mat Ästhetik an Ausstralung!

Dem André Bauler seng Propose, e „Musée d’art sacré“ anzeriichten, vläicht esouguer am ale Jesuitekolléisch nieft der Kathedral, sollt äis ophorche loossen – esou Muséeë gëtt et am Ausland ewell zënter Joerzéngten. Hei ass Lëtzebuerg (wéi esou dacks) dat trauregt Schlussliicht.

Am Mäerz war an der „Luxembourg School of Religion & Society“ eng international Tagung zum Sujet Kiercheraim: „Wo Himmel und Erde sich berühren“. Eis Kierche spigelen de Mystère vun deem, wat onsiichtbar ass an iwwer dat Sënnlecht a Materiellt erausgeet. Generatioune sinn hei an- an ausgaangen. Freed a Leed hu si do ënnert reliéise Virzeechen thematiséiert a gedeelt. Kiercheraim si gebaute Glawen a gebaute Liturgie. Un der Ikonografie an hire Symboler kann d’Bibel erschloss ginn. Konschtwierker wéi Statuen, Kierchemiwwel oder Glasfënsteren drécken Emotiounen aus, vun deenen och haiteg Visiteure beréiert ginn. Dem gleewege Mënsch erlaabt d’Atmosphär, dat „Hellegt“ ze erliewen. An allen, an Dialog mat dem Kiercheraum ze trieden.

Kiercheraim a sakral Wierker schwätze loossen an erschléissen, an esou eisen immense reliéise Patrimoine valoriséieren, ass, fir all Concernéiert, e groussen Defi fir d’Zukunft.

Georges Hellinghausen