De Robert Weber, fréieren Nationalpresident vum LCGB a fréieren Deputéierten, beschäftegt sech mat dem sozialen Europa.

AUDIO: Carte Blanche vum Robert Weber

Fro: Ass Europa eng sozial Gemeinschaft?
Äntwert: Jo!
Awer: Fir 28 Länner eleng op e gemeinsame sozialen Niveau ze bréngen, dat ass eng riseg Affär. Dofir brauch e méi wéi 70 Joren.

De soziale Wee vun der EU huet ...

1951 mat dem Vertrag vu Paräis iwwer d'Europäesch Gemeinschaft fir Kuel a Stol ugefaangen. Duerno koum
1957 de Vertrag vu Roum mat senge fundamentale Rechter wéi Gläichbezuele vu Fra an Mann oder nach déi fréi Mobilitéit fir all Arbeitnehmer.

1987 huet den Eenheetlechen Europäeschen Akt Minimum-Standarde fir Gesondheet a Sécherheet op der Aarbechtsplaz agefouert.

1992 koum de soziale Protokoll vum Maastrichter Vertrag.

1997 ass déi Europäesch Beschäftegungsstrategie definéiert ginn.

1999 ass mam Vertrag vun Amsterdam d'Beschäftegungspolitik als Haaptzil an d'EU-Verträg opgeholl ginn. Awer d'Beschäftegungspolitik bleift eng national Kompetenz.

2007: De Lissabon-Vertrag definéiert de Prinzip vun der Sozialer Maartwirtschaft.

2010: D'Agenda 2020 definéiert eng gemeinsam Strategie fir en inklusiivt a nohaltegt Wuesstem an d'Schafung vun neien Aarbechtsplazen an

2010 gouf dat Europäescht Semester agefouert, eng koordinéiert europäesch Politik fir d'Ziler vun der Agenda 2020 ze erreechen, mat dem spezielle Bléck fir déi sozial Dimensioun.

Et wär nach ze erënneren un eng ganz Rei vun Direktive wéi Aarbechtszäit, sozial Ofsécherung, work-life balance, d'Entsenderichtlinn a villes méi.

An dann, "last but not least": déi Europäesch Sail vun Soziale Rechter.

De Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker sot Enn 2014: Ech wëll en Europa mat engem sozialen Triple A, dat ass genau esou wichteg wéi en ekonomeschen an e finanziellen Triple A.

Déi Europäesch Sail vu Soziale Rechter enthält 3 Kapitelen:

• Chancëgläichheet am Zougang zum Aarbechtsmaart
• Fair Aarbechtsbedingungen
• Sozialschutz an sozial Inklusioun

Do dernieft huet de Kommissiounspresident Juncker 2017 eng Europäesch Aarbechtsautoritéit (ELA) an eng Europäesch Sozialversécherungsnummer (ESSN) virgeschloen, déi den Hierscht 2019 a Kraaft trieden.

De Jean-Claude Juncker huet vun 1982 bis haut dat soziaalt Europa gepräägt an dat soziaalt Lëtzebuerg.

Awer ouni den Drock vun de Gewerkschaften wär hei net alles esou gelaf.

D'EU muss an Zukunft och sozial weiderbauen an zesummewuessen. Just eng aner Generatioun muss et elo maachen.