An de leschte Méint hu sech verstäerkt Jonker ëffentlech engagéiert. Si probéieren, déi gängeg Politik ze rëselen. Wat bedeit dat fir ons Lëtzebuerger Demokratie?

AUDIO: Méi Jonker an d'Politik: Carte Blanche vum Ben Fayot

Bei der Europawahl dëst Joer hunn eenzel Parteien zu Lëtzebuerg jonk Kandidatinnen a Kandidaten op hir Lëschte gesat. Dat ware frësch a begeeschtert Stëmmen a Gesichter.

Mä fir déi Parteie war dat e Risiko, Stëmmen ze verléieren, éischter wéi neier ze gewannen. Well gewielt ginn zu Lëtzebuerg nëmme bekannt an dofir meeschtens eeler Gesichter. Dat ass d'Logik vum Walsystem, deen eng Verjéngung vum politesche Personal verhënnert.

Dass trotzdeem eng jénger Kandidatin op der DP-Lëscht gewielt gouf, bestätegt déi Analys. Si war bekannt, éier se Kandidatin war, an zousätzlech huet hir Partei fir si eng extrem opwenneg Campagne lancéiert.

Mä do war net vill Politik dohannert.

D'Europawal war zu Lëtzebuerg vum politeschen Inhalt hier souwisou wéineg spannend. Munch Parteien erzielen de Leit nach ëmmer egal wat iwwer Europa.

An Debaten zu zéng op engem Televisiounsplateau brénge politesch einfach keng Klärung.

E Liichtbléck waren dogéint déi gutt Diskussiounen tëschen den europäesche Spëtzekandidate Manfred Weber a Frans Timmermanns, déi kloer déi politesch Ënnerscheeder tëschen den zwou Haaptparteien am EP gewisen hunn.
Dofir bedaueren ech, dass deen demokratesche Prozess vun den Spëtzekandidate fir d'Presidence vun der Kommissioun vun den Häre Macron a Bettel net acceptéiert gëtt.

Iwwregens: Et wär interessant ze wëssen, ob ons Regierung jee iwwer déi Fro deliberéiert huet. Oder huet den Här Bettel um rezenten europäesche Rot als liberale Chef geschwat oder als Staatsminister vun enger Dräi-Parteie-Regierung?

Mä zeréck zur Fro vun de Jonken an der Lëtzebuerger Politik.

Et kommen ni normal politesch interesséiert Jonker fir Lëtzebuerg an d'EP. Si musse wéinstens TV-Star oder berühmt  Sportler sinn.

Et sief dann, si si gedëlleg a weise sech fir d'éischt jorelaang op all Kiermes, bis se bekannt genuch sinn, fir méi perséinlech Stëmme wéi déi Eeler ze kréien. Mä da si se selwer al.

Ech sinn awer iwwerzeegt, dass e puer echt Jonker der Lëtzebuerger Politik gutt géifen doen.

Dofir muss onse Walsystem geännert ginn.

Den Notable-System, deen aus dem 19. Joerhonnert staamt an deen 1919 bei der Aféierung vum allgemenge Wahlrecht iwwerlieft huet, muss endlech duerch e moderne Proporzsystem ersat ginn.

Ech weess natierlech, dass et schwéier ass, fir esou eng fundamental Ännerung en Accord tëschen de Parteien ze kréien. Besonnesch well d'Notablepartei DP méi wéi jee un deem ale System hänkt an dovunner profitéiert.

D'Europawal kënnt awer den idealen Terrain fir e Versuch sinn.

Wann d'Kandidatinnen a Kandidaten an där Reienfolleg gewielt ginn, wéi hir Partei se setzt, ouni dass perséinlech Stëmmen dobäi eng Roll spillen, kënnen d’Parteien och emol Jonker, manner bekannter, mä trotzdeem dichteger, an d'Europaparlament schécken.

Well et ass jo net de Bekanntheetsgrad, dee garantéiert, dass ee kompetent ass an eppes vun Europapolitik kennt.
Da kréich Lëtzebuerg an der Europapolitik Nowuess, dee sech mat Europa identifizéiert an dem europäesche Projet eng Zukunft gëtt, wat mer jo alleguer wënschen.