Liewensmëttelsécherheet, eng Erausfuerderung an enger globaliséierter Welt - mä virun allem eng Chance fir eis haiteg Gesellschaft. Doriwwer eng Carte Blanche vum Christiane Bram, Ekonomist a begeeschterten Kommunikatiounsexpert.

AUDIO: Carte Blanche vum Christiane Bram

Zanter dësem Mount gëtt et och elo e Weltdag fir Liewensmëttelsécherheet. Iwwer de Sënn an Zweck vu sou engem Weltdag, europäeschen Dag, oder nationalen Dag ka jiddereen sech seng eege Gedanke maachen. Nieft dem Weltdag vun der Liewensmëttelsécherheet ass de 7. Juni zum Beispill och nach den nationalen Dag vum Donut, dat trëfft sech jo gutt... Dësen Dag ass ursprénglech 1938 an d’Liewe geruff ginn an Erënnerung un d’Fraen, déi den amerikaneschen Zaldoten am 1. Weltkrich Donutte bruecht hunn. A fir deene Persounen ze hëllefen, déi an der Nout sinn. Haut ass dësen Dag haaptsächlech fir Marketingszwecker entfriemt ginn, Rekordzuele vum Verkaf vun Donutten obligent, sou datt ee sech froe kann, wat e Weltdag am Endeffekt bréngt.

De Sujet vun der Liewensmëttelsécherheet u sech ass ënnert anerem duerch d’Globaliséierung an en entspriechend Konsumverhalen natierlech extreemst wichteg, och wa mir an eiser moderner Gesellschaft am Prinzip d’Méiglechkeet hunn, fir d’Qualitéit vun eise Liewensmëttel selwer ze kontrolléieren, ass dat a villen anere Länner a bei verschiddenen Deeler vun der Bevëlkerung net onbedéngt esou.

Am Fall vu grousse Liewensmëttel-Katastrophe wéi kontaminéierte Liewensmëttel, falschen Etiquetage, schlecht Liewensmëttel-Hygiène an esou weider ass et ganz wichteg, datt den neie Konsumenteschutzministère gutt kommunizéiert. De Verbraucher brauch transparent an zäitno Informatiounen, fir selwer richteg ze handelen.

Gläichzäiteg muss awer och dat alldeeglecht Konsumverhalen a Fro gestallt ginn: Ass et net och um Verbraucher selwer, sech Gedanken ze maachen, wat e wéini a wou keeft, vu wou d’Produkter hierkommen a wéi se produzéiert ginn? En iwwerluecht a verstännegt Kafverhalen erméiglecht et schonn, enger Rei Risiken aus de Féiss ze goen.

Wa mir systematesch regional a frësch Produkter kafen, musse manner iwwergräifend Reegele spillen an d’Gefor, fir kontaminéiert Liewensmëttel ze verzieren, gëtt reduzéiert. Ausserdeem ginn esou manner Liewensmëttel verschwent a wéineger Verpackunge gebraucht. De gesamten CO2-Ofdrock gëtt doduerch limitéiert an d’Ressourcë vun der Natur besser erhalen.

Op de 7. Juni ass och den neie Kommissariat fir Liewensmëttelsécherheet virgestallt ginn. Dobäi kann ee just hoffen, datt et net nëmmen en administrative Staatsservice bleift, deen de juristesche Kader festleet, mee datt och konkret Aktiounen ëmgesat ginn, déi d’Liewensmëttelsécherheet als Meilestee vun enger kompletter Politik fir Ëmwelt- a Klimaschutz, Kreeslafwirtschaft a Sozial- a Solidarekonomie integréiert.