Zënter Jore stelle Soziologe bei de jonke Generatioune verännert Wäerter an Astellungen, ënnert anerem zum Zesummeliewen an zu Aarbecht, fest. Gekoppelt mat der weltwäiter "Fridays for future"-Beweegung fir den Ëmweltschutz an der vun de "gilets jaunes" a Frankräich fir eng "vie décente" ass et vläicht d'Chance, fir e Revival vun der Demokratie, mengt a senger Carte Blanche den Economist Marc Muller.

AUDIO: Carte Blanche vum Marc Muller

Et läit wuel am Geescht vun der Zäit, datt Stabilitéit, Verlässlechkeet a sozial Kohäsioun duerch Individualismus an Egoismus ofgeléist ginn. Vun zerbrachenen, private Bezéiungen, iwwert geschassten Traineren an de Fussball-Veräiner a Récktrëtter vun Politiker bis hin zum Brexit, zitt dëse Phänomen méi oder manner déif Grief duerch eis Gesellschaften.

Ass d’Beschleunegung duerch den digitale Wandel dru schold? Oder d’Mondialisatioun déi duerch ze grouss kulturell, ekonomesch a politesch Géigesätz tëscht de Länner aktuell zu ongläichen Konkurrenz a weltwäite Krisesituatioune féiert? Oder awer den eenzelen “homo oecomicus”, de rationell säin Handelen optimiséiert, fir an all Liewenssituatioun de maximalen Rendement ze “erwirtschaften”?

Global gekuckt hunn déi verschidden industriell Revolutiounen an d’Mondialisatioun der Mënschheet ëmmer erëm Fortschrëtt, Wuesstem, Liewensqualitéit a Räichtum bruecht. Dëst op individuellem, länner oder kontinentalem Niveau: fir den ee méi, fir den anere manner. Ëmmer op der Gewënnersäit awer: de Produktiounsfaktor Kapital!

Weltwäit huet d’Jugend awer déi lescht Méint mat hirer “Fridays for future”-Beweegung op d’Grenze vun der Leeschtungsfäegkeet vum „facteur de production“ Natur higewisen mat der Iwwerzeegung: Mir hunn nëmmen eng  Welt, déi et ze erhalen a mat alle Kulturen ze deele gëllt!

Um Aarbechtsmaart pochen déi Jonk och verstäerkt op e sënnvollen, nohaltegen Job a leeë Wäert op d’Responsabilité sociale vun hirer Entreprise (RSE). Eng gesond “work-life-balance” ass hinnen dann och méi wichteg, wéi e maximale Loun a Carrière, ouni Récksiicht op sech an op anerer.

Fir hir Iwwerzeegungen an hir Zukunft setze sech déi Jonk ëmmer méi oft gesellschaftspolitesch an, wéi och déi rezent Europawale bewisen hunn. Net zulescht wéinst deene Jonke war nämlech d’Walbedeelegung méi héich, wéi virun 5 Joer an dëst a ville Länner zugonschten vun de grénge Parteien.

Wéi eng Schlëss kéint een aus all dem zéien?

Vläicht de Wonsch, datt d’Finanzen nees der Ekonomie an d’Ekonomie de Mënschen denge sollten, statt ëmgedréint?

Vläicht de Ruff no staarken a solidaresche Politiker mat globalen an nohaltege Visiounen, déi d’Weltgeschicht nees selwer gestalten, statt dëst de Mäert, de Multinationalen an de Wirtschaftslobbyisten ze iwwerloossen? An dëse Ruff aus der Iwwerzeegung eraus, datt d’Mondialisatioun vun de Marchéë muss vun enger Globalisatioun vun den Institutiounen encadréiert ginn ?

Finalement, vläicht en naiven „I have a dream“, datt d’Gestaltung vun der Zukunft duerch eng authentesch gelieften Demokratie an d’Hänn vun der Allgemengheet kennt, mam Zil vun weltwäitem nohaltegem Wuesstem a weltwäiter sozialer Kohäsioun?