Wéi kommen ech un Informatiounen iwewrt eng aner Persoun? Wärend den aktuellen US-President sou Infoen einfach twittert, beruffen aner sech wärend Astellungsgespréicher op Elementer aus dem sougenannte ‘geheime Casier’. Wéi eng Roll d’Bicher dobäi spillen – dozou eng Carte Blanche vum Jean-Luc Thill.

AUDIO: Carte Blanche vum Jean-Luc Thill

Wann ee vis-à-vis vun engem Mënsch steet, freet ee sech dacks wien ass déi Persoun iwwerhaapt? Fir sou eppes eraus ze fannen, gouf et fréier nawell e ganz einfachen Trick: So mer wéi eng Bicher datt s de lies an ech soen der wéi e Mënsch datt s de bass, respektiv wat ech vun der halen. Sou war ee fréier gutt beroden, sech d’Bibliothéik vu sengen zukünftege Frënn a Liewenspartner, fir d’Géigner net ze vergiessen, méi genee unzekucken an ënnert d’Lupp ze huelen.

Dat ass haut natierlech och nach méiglech  - op d'mannst theoretesch. Praktesch goufen d’Bibliothéiken allerdéngs duerch digital Plattformen ersat, wou d’Leit sech fräiwëlleg a virun allem selwer plakeg an d'Vitrinn stellen. Texter goufe gréisstendeels duerch Fotoen ersat a spéitstens dann ass een an der Welt vun de soziale Medien alias Facebook a Konsorten ukomm.

D’Bicher hunn de Virdeel, datt ee se selwer liese kann, fir sech dann eng eege Meenung ze maachen - mam Nodeel, datt et ustrengend an zäitintensiv ass. Dogéint mécht déi digital Welt manner midd, mam Präis datt een der Meenung vun aneren ausgeliwwert ass.

Mä wann ee kee méi iwwerzeegt kritt, fir heem seng Bibliothéik kucken ze kommen, da muss een d’Bibliothéik einfach mobil maachen. Wat Estland als éischt digital Regierung gestart huet, ass nom Smartphone spéitstens mam Tablet och beim ‘commun des mortels’ ukomm. Sou huet sech eis Regierung schlussendlech och der Digitaliséierung verschriwwen. Dobäi wär d'Buch respektiv de Pabeier vun der Definitioun hir och schonns ëmmer mobil awer einfach net genuch, fir déi digital Zäit an och vläicht ze gedëlleg.

Mam digitale Buch gëtt et allzäit erëm méi liicht eng Persoun direkt an d'Gesicht ze kucken an ze froen: "wat lies Dir do?" fir dann an d’Gespréich ze kommen.

Awer opgepasst: wann d’Leit sech elo op äert digital Buch stierzen, da kéint et gutt sinn, datt se méi intresséiert um Apparat sinn, wéi un Iech an ärer Bibliothéik. An Zensur, géint déi sech Generatioune vu Fräiheetskämpfer gewiert hunn, ass och erëm do – allerdéngs an enger anerer, fräiwëlleger, Qualitéit.

Haut sinn et keng Regimmer an hir Tyrannen méi, déi de Leit eppes verbidden ze liesen, allzäit net bei eis – dofir awer Passwierder, fir den eenzelen eReader oder Tablet ze schützen. Net ze vergiessen, datt hannendrun nach ëmmer een Administrateur sëtzt, deen all d’Rechter huet – also un all Informatioun kënnt. Wär d'Buch physikalesch emol bezuelt an dann do – sou kann dat digitaalt Buch nëmmen an der Famill – net ze vill grouss wann ech gelift, an op eng begrenzten Zuel vun Apparater geshared ginn.  A wann et emol guer net passt – wéi beispillsweis beim Böhmermann sengem Schmähgedicht – dann ass dënn digitale Support och vill méi einfach, schnell an effikass ze manipuléieren respektiv ze läschen. Dat ass awer da keng Zensur, mä politesch Korrekt an Ausdrock vum gudde Goût – ech hoffen Iech gëtt et net och schlecht.