Dozou eng Carte Blanche vum fréiere Wirtschaftsminister Robert Goebbels.

Mir Mënsche liewen an enger gelungener Welt. Engersäits liewen déi meescht Mënschen ëmmer besser an ëmmer méi laang. Laut Weltbank ass iwwert d’Halschent vun der Mënschheet am sougenannte „Mëttelstand“ ukomm. D’Zuel vun de Mënschen, déi Honger leiden, war nach ni esou niddreg. An d’Liewenserwaardung hëlt iwwerall zou.

Anerersäits huelen och d’Ängschten zou, gefale sech vill sougenannt Experten doran, d’Zukunft nëmme schwaarz op schwaarz ze molen.

Sougenannt „Studien“ wëllen erausfonnt hunn, dass d’Mënschheet am Joer 2050 um Enn wier.

Fir d’Joer 1.000 hat de Chrëschtentum schonns d'Enn vun den Zäiten erwaart. Och fir d’Joer 2000 haten eng Rei Sekten den definitiven Exitus vun de Mënsche virausgesot. Anerer hunn un de „Millenium-Bug“ gegleeft.

Et muss ee sech froen, firwat d’Geschicht no ronnen Zuele soll funktionéieren?

Mir liewen op engem Planéit, dee sech stänneg verännert. D’Äerdkrust ass permanent a Beweegung. All Joer gëtt et 100.000 kleng Äerdbiewen, an zirka 100 grousser, déi dacks vill Schued uriichten. Z.B. wa se en Tsunami ausléisen. Et gëtt dauernd vulkanesch Aktivitéiten.

All Dag gëtt et ronderëm d’Welt 50.000 Onwiederen. All Minutt entluede sech 8.000 Blëtzer. Wann iergendwou e gréissere Schued ass, gëtt et direkt „Breaking news“ an de Medien an um Internet. Et gëtt kaum nach e Meteo-Bericht ouni eng „Alerte Jaune“ oder „ Alerte Rouge“.

All dat schaaft d’Impressioun vun enger ëmmer méi onsécherer Welt.

Et gëtt reell Problemer. Dee gréissten ass de stännege Bevëlkerungs-Wuesstem. Mir sinn zu deemnächst 8 Milliarde Mënschen, déi, well se glécklecherweis ëmmer méi laang liewen, op 9 a vläicht 10 Milliarden zouginn. Mat entspriechend méi Drock op d’Ressourcen. Dat ass awer en Tabu-Thema fir d’Kierchen an d’Politik.

Sécher ass jiddefalls, dass déi reell Problematike vun der Mënschheet sech net mat Alarmismus a Katastrophismus léise loossen.

D’Angschtmaacherei provozéiert nëmme méi Egoismus an Nationalismus.

D’Mënschheet kann hir Problemer nëmme mat nach méi Efforte fir déi wëssenschaftlech Fuerschung an duerch technologesch Entwécklunge léisen.

Dat ass den eenzege Wee fir eng besser Welt.