Déi britesch Mathematikerin Hannah Fry huet sech an enger rezenter Publikatioun mam Titel „Hello World: Was Algorythmen können und wie sie unser Leben verändern“ mat de Vir- an Nodeeler vun eiser computergesteierter Welt auserneegesat. Eis Carte blanche geet op een Aspekt dovunner an: d’Influenz vum autonom gesteierten Auto op d‘Verkéierssécherheet. Et kommentéiert de Paul Hammelmann.

AUDIO: Carte Blanche vum Paul Hammelmann

Loosse mer mat enger „Boutade“ ufänken: den RTL-Kolleg Serge Pauly, dee sech manifestement gutt doran auskennt, huet op meng Fro wéi hien zum autonome Fuere steet, geäntwert: „géifs du mat engem Fallschierm sprangen, deen heiansdo net opgeet?“

Domat ass Villes resuméiert!

Déi meescht Leit hunn effektiv e paradoxaalt Verhältnis zur Technik: si gebrauchen zwar permanent hire Smartphone, gleewen all Blödsinn, deen um Internet verbreet gëtt, mësstrauen awer grëndlech dem autonom fuerenden Auto.

Et ass dat wat d'Hannah Fry „Algorithmen-Aversioun” nennt.

Iergendwéi wësse mer, datt d’Maschinn ënner verschiddene Bedingungen manner Feeler mécht wéi de Mënsch – d’Maschinn entschléift net hannert dem Steier, si drénkt net, bleift ëmmer konzentréiert – mä kann och emol déi falsch Decisioun huelen.

An der Aviatioun zum Beispill wier jo de Verkéier, deen net computergesteiert oder wéinstens ënnerstëtzt ass, guer net méi méiglech an déi grouss Majoritéit vun de gravéierende Fligeraccidenter ass op mënschlech Feeler zréckzeféieren.

De geréngste Programmfeeler awer kritt enorm Konsequenzen, wéi d’Beispill vum Boeing 737 max weist.

Dobäi mécht den Algorithmus eigentlech kee Feeler, héchstens de Mënsch, deen e programméiert an och do ass gemäss Hannah Fry, kee schlechte Wëllen en cause, mä éischter reng Dommheet.

Am Stroosseverkéier si mer jo nach net esou wäit och well d‘Situatioune méi komplex sinn.

De richtegen Autopilot gëtt et nach net; mir sinn, wat déi kommerziell Offer ubelaangt, eréischt an der Phas 2 vun insgesamt 5 Phasen, eng Etapp, déi tout au plus eng Deelautomatisatioun erlaabt wärend de Mënsch technesch a juristesch 100% haftbar bleift.

De Computer kann awer schonn assistéieren an z.B. bei Gefor automatesch an méi efficace ofbremsen ewéi de Mënsch.

De Computer bréngt also à terme an och elo schonn e Plus un Sécherheet an dofir däerf d’Fro erlaabt sinn, ob zu Lëtzebuerg, wou et jo vill finanziell Inzentive gëtt, fir méi ekologesch ënnerwee ze sinn a wou jo och Regierung Recherche am autonome Fuere grenziwwergräifend ënnerstëtzt, net kënnt driwwer nogeduecht ginn dës nei, an deier Fuerassistenzsystemer – déi jo enger éischter wohlbetuchtener Clientèle reservéiert sinn – mat Subsiden ze ënnerstëtzen?

Mä d’ëffentlech Meenung heiriwwer an a vill ze vill aneren Dossiere gëtt jo ewell gréisstendeels an den asoziale Medien gebillt an do ass d’Hannah Fry der Meenung d'Algorithmen hätten, wéinstens an der politescher Debatt, nëmme Schued ugeriicht an Haass propagéiert.

Oder wéi de Schrëftsteller Umberto Eco et ausdréckt: „Déi sougenannte Sozialmedien hunn eng Generatioun vun Toperten ervirbruecht, déi sech d’Recht hëlt, deenen ëffentlech d’Wuert ze ginn, déi soss just am Bistrot beim 3. Patt dat gesot hunn, wat se elo viru groussem Publikum maachen, a sech domadder engem Nobelpräis wëlle gläichsetzen.

Et ass d’Invasioun vun der Dommheet!