A senger Carte blanche setzt sech de Marc Glesener, Kommunikatiounsberoder a laangjärege Journalist, kritesch mat der Nominatioun vun engem neien EU-Kommissiounspresident auserneen.

De Manfred Weber gëtt net Kommissiounspresident. - D’Nouvelle ass um Weekend via d’Medie verëffentlecht ginn.

AUDIO: Carte Blanche vum Marc Glesener

D’Decisioun soll, esou Insider, um Rand vun dem G-20 zu Osaka gefall sinn.

Am Krees also vun deene richteg Dichtege vun der Europäescher Unioun.

Net zu Bréissel , net zu Stroossbuerg, neen a Japan beim Sommet vun de wichtegsten Industrienatiounen. Duerno dann ass zu Bréissel de Kompromëss op de Verhandlungsdësch komm.

Souwäit zu dem Decisiounsmechanismen an dem Demokratieverständnes an Europa.

Eent steet allemol fest: Den Hin an Hier ëm d’Zukunft vun den erkläerten an net erkläerte Spëtzekandidaten huet Schued ugeriicht.

E Réckbléck: Bei der Europawal de 26. Mee sinn déi 751 Vertrieder fir déi 531 Milliounen Awunner vun der EU gewielt ginn. Et goufen am Virfeld Programmer verëffentlech an 2 Spëtzekandidate fir de Virsëtz vun der EU-Kommissioun nominéiert.

Genee esou ewéi viru 5 Joer. - Deemools huet de Jean-Claude Juncker an d’EVP d’Renne gemaach.

Des Kéier war alles anescht.

Et schéngt ewéi wann d’Kolleginnen– a Kollege Staats- a Regierungscheffe manner Problemer mat engem aus hirem Krees hätten, oder besser engem, dee laang dozou gehéiert huet.

Egal wéi: aus dem Manfred Weber senge Bréisseler Dreem ass näischt ginn.

Perséinlech sinn ech och net vun deem Mann als Politiker iwwerzeegt. - Wéi d’Saach mam Spëtzekandidat ugepaakt ginn ass, revoltéiert mech allerdéngs an deet Europa net gutt.

Ganz au contraire: Et beweist eemol méi, ewéi wäit Europa vum Bierger, senge Suergen a senge Gefiller ewech ass.

Wat bleift, ass d’Bild vun engem zerstriddene Club a Leaderen, déi eng kloer innepolitesch Agenda hunn an hir Ziler um Bockel vun Europa an der Integratioun erreeche wëllen.  Et ass e Bild vu faule Kompromësser a Gemauschels.

Seng Éier dobäi huet de Manfred Weber verluer. Awer net nëmmen hien...