Net fir d’Aarmut ze moossen, mä fir se besser ze verstoen an d’Ongläichheete besser ze gesinn, sollte mer net op den Indicateur vum relativen Aarmutsrisiko verzichten. A sozial Transferte méi ze cibléieren, ass net ëmmer ubruecht, seet a senger Carte blanche de Robert Urbé vu Caritas Lëtzebuerg.

AUDIO: 03/07/2019 Carte Blanche Robert Urbé

A leschter Zäit gëtt rëm méi iwwer Aarmut hei zu Lëtzebuerg geschwat. Dat kéint ee freeën, géif dat dach heeschen, datt sech méi Leit dorëm Suerge maachen. Mä leider verstoppe sech dacks dohanner déi selwecht falsch Iddien a Virstellunge wéi säit Joren.

Den Indicateur “Aarmutsrisiko” gëtt als onnëtz dohi gestalt, well deem Indicateur no zu Lëtzebuerg souvill Aarmer wiere wéi an Ungarn oder bal sou vill wéi a Griicheland.

Dat seet deen Indicateur awer guer net aus! E seet wéi vill Leit dem Aarmutsrisiko ënnerleien, well se manner wéi 60% vum Medianakommes zur Verfügung hunn. E seet also méi eppes aus iwwer Ongläichheete wéi iwwer direkt plakeg Aarmut. Där direkter, extremer Aarmut hu mir hei zu Lëtzebuerg net vill – den Indicateur vun der materieller Entbierung läit bei 1,2% - déi meescht ginn duerch eist Sozialnetz opgefaangen, et bleiwen allerdéngs nach e puer Maschen an deem Netz méi enk ze zéien.

Ongläichheeten awer, an dat soen och aner Indicateuren aus, hu mer ze vill a si wuesse säit Joren dauernd weider. Si betreffe bestëmmte Gruppe méi schlëmm wéi anerer: Kanner ënner 18 Joer zwee mol méi wéi eeler Leit, Auslänner dräi mol méi wéi Lëtzebuerger, Leit mat enger niddereger Qualifikatioun bal dräi mol méi wéi déi mat enger héijer, Aarbechtsloser véier mol méi wéi déi di eng Plaz hunn, Famillje mat méi wéi 2 Kanner zwee mol méi, a besonnesch Monoparentallen iwwer dräi mol méi wéi Familljen ouni Kanner.

An, sou soen Experten säit dem Altertum a bis haut, ënner anerem d’OECD an den internationale Wärungsfong, Ongläichheeten torpedéieren den ekonomeschen Erfolleg, verhënneren d’Entfalung vun alle Fäegkeeten a Méiglechkeeten a gräifen d’sozial Cohésioun un.

Eng aner Iddi, déi säit Joren dorëmmer geeschtert, déi souguer am Ufank vun der Regierung Bettel I ugefouert gouf, mëttlerweil awer net méi, ass déi, datt eis sozial Transferten ze vill mat der Géisskan ausgedeelt ginn, statt méi cibléiert op déi richteg Bedürfnis. Do muss ee mol feststellen, datt di meescht vun eisen Transferte cibléiert sinn, bis op d’Pensiounen an d’Familljeleeschtungen. Bei de Pensioune kann ee mol eng Kéier nodenken. Mä beim Kannergeld z.B. dréit och dat zur Cohésion sociale bäi, datt all Kand gläich behandelt gëtt. Da kënnt et och net zu enger Situatioun, wou et heescht “... a firwat solle mir da fir hir Kanner bezuelen, si sinn dach selwer Schold, wa se Kanner hunn!” Ähnlech Argumenter plädéieren derfir, datt d’Maisons relais an d’Crèchë sollte gratis fir all Kanner sinn, wat och nach zu enger besserer Mixitéit géif bäidroen.

Aarmut an Ongläichheete besser verstoen hëlleft och, déi richteg Mesuren ze ergräifen an d’sozial Transferte richteg ze kalibréieren. Dorop sollte mer eis fokusséieren an domat sollte mer weider fueren.