Eng 2.800 Jonker hunn dëser Deeg de Premièresdiplom kritt a si “studéierfäeg” oder och “prett fir an d’Beruffswelt”. Sinn déi Inhalter, déi haut geléiert an ofgepréift ginn nach ugepasst? De Gaston Ternes (*) geet a senger Carte blanche op déi eminent wichteg Roll vun de Schoulprogrammer an deem Kontext an.

AUDIO: Carte blanche vum Gaston Ternes

Elo, wou d’Premièresexamen fir dëst Joer erëm ofgeschloss sinn, ass et ee gudde Moment, sech mat de Programmer ze befaassen. Zil vun de Schoulprogrammer ass et, déi Jonk op d’Liewe vu muer virzebereeden, hinne breet Grondkenntnisser a Culture générale mat op de Wee ze ginn, fir mat ganz neie Kontexter eens ze ginn.

Haut ass awer eppes revolutionär anescht wéi nach viru 50 Joer, an dat ass d’Vitess, mat där nei Kenntnisser derbäikommen. De Richard Buckminster Fuller huet scho 1982 mat senger “knowledge doubling curve” beschriwwen a wéi enger Zäitspan sech den Total vun de mënschleche Kenntnisser verduebelt.  War dëst nach nom 2. Weltkrich eng Zäitspan vu 25 Joer, esou sinn et haut nach just 13 Méint. 13 Méint brauch et, bis dat, wat haut gewosst ass, sech verduebelt huet.

Wat muss d’Äntwert vun der Schoul op dës Kenntnisflut sinn? Ëmmer méi Programminhalter? Abee, d’Äntwert op dës Fro ass ee kloren Nee.

An engem Kontext, wou haut all Informatioun – op richteg oder falsch - iwwert e puer Klicken direkt opruffbar ass, ass d’kritescht an d’konstruktiivt Ëmgoe mat dësen Informatiounen den “Alpha an Omega” vun de Schlësselkompetenzen.

D’Schoulprogrammer sollen heibäi esou konzipéiert sinn, dass no a no Interessen an Talenter vum Jonken a méi Domainen ervirgehuewe ginn. Am Cycle supérieur vum Secondaire, misst jidder Jonke sech kënnen a Form vu Modulle seng eege Prioritéite wielen, mat engem kloren Zil virun Aen: spéider, no der Première, sech kënne fir méi verschidde Spezialisatiounen ze decidéieren. Ëmmer méi wäert dobäi een hybride Profil gefrot sinn: eng Kombinatioun also vu Studien a Kenntnisser a bis elo ganz verschiddene Beräicher, atypesch Profiller eben. Den 1. Juni dëst Joer ass de Michel Serres gestuerwen: “Ee Fouss an de Wëssenschaften, ee Fouss an den Humanitéiten” huet dësen exzeptionelle Mënsch de Wee virgezeechent. Et muss a kann net jiddereen ee Michel Serres sinn, mä ech wëll awer kloer soen, dass een a méi wéi engem Domaine muss gutt sinn, fir d’Welt vun haut ze verstoen.

“Léieren” kann ee mat enger Rees vergläichen: wann ze vill Inhalter op ee gewësse Moment ugepaakt ginn, dann ass de Risiko grouss, dass alles just iwwerflächlech bleift a vläicht guer net verstane gëtt. A wann een op enger Plaz ass, da soll een sech alles aus méi Perspektiven ukucke kënnen.

(*) De Gaston Ternes war Mathematiksprofesser, duerno Direkter vum Lycée Aline Mayrisch. Seng Recherchen cibléiere generell Erzéiungswëssenschaften. Am Moment begleet hie Projeten an der Educatioun an am Benevolat.