D’Associatioun vun den Infirmièren an Infirmieren, d’ANIL, betount ëmmer nees d’Wichtegkeet vum „Rôle Propre“ vun der Infirmière. Mä wat bedeit dat konkret? D’Infirmière, Fleegewëssenschaftlerin a Presidentin vun der ANIL Anne-Marie Hanff probéiert Iech, dëse breet gefächerten a schwéier gräifbare Rôle an an den nächste Minutten ze erklären.

AUDIO: Carte blanche vum Anne-Marie Hanff

Blutt ofhuelen, Verbänn maachen! Alles Aufgaben, déi d’Infirmière vum Dokter duerch eng Ordonnance iwwerdroe kritt. D’Infirmière mécht awer och vill Saachen ouni Ordonnance vum Dokter, op eegen Initiativ! De sougenannte „Rôle propre“.

Deen hänkt direkt mat de Fleegediagnosen zesummen. Wärend sech déi medezinesch Diagnosen op de Gesondheetsproblem u sech bezéien, stinn d’Fleegediagnose fir Problemer, déi DUERCH d’Erkrankung optrieden. Eng vun den 244 registréierte Fleegediagnosen ass d’akut Verwurrenheet oder den Delir, wéi en an der Fachsprooch genannt gëtt.

Dëse komplexe Phänomen werft d’Gehir wuertwiertlech aus der Bunn. Déi Betraffe wëssen op eemol net méi wou si sinn a firwat. Dës bedreelech Situatioun léist verständlecherweis Ängschten aus. Oft wëlle si fort, ruffen no der Police… Folge vun iwwerfuerderten Ekippe kënne Fixatiounen, d.h. d’Feststrecke vun de Betraffenen oder d’Sedatiounen d.h. déi medikamentéis Rouegstellung sinn. Dobäi kann eng gutt Fleeg en Delire souguer verhënneren.

Eng gutt Formatioun, Patientenkontakt a Beruffserfarung spillen dobäi eng grouss Roll, well d’Infirmièren doduerch kleng Verännerungen erkennen, éier déi éischt Alarmsignaler siichtbar ginn. Komplikatioune ginn antizipéiert. Bei engem Delire mierkt d’Infirmière zum Beispill, dass de Betraffenen si aneschters, oft mësstrauesch ukuckt, wa si an d’Zëmmer kënnt. Et läit eppes an der Loft, an dat spiert si.

Huet si bis e Verdacht, sicht d’Infirmière no weideren Ausléiser, stellt Froen zum Suchtverhalen, kuckt d’Entzündungswäerter un, ob de Betraffene genuch gedronk a kee Wéi huet. Zemools bei eelere Leit, kann z.B. eng „banal“ Blosenentzündung alles op d’Kopp geheien. Mä och no enger Narkose a bei Leit mat Entzuchserscheinunge kann en Delire optrieden.

Den individuellen „Plan de soins“ mat all de Fleegemoossnamen gëtt an der Ekipp diskutéiert. Wann z.B. de Betraffenen net genuch gedronk huet, bitt d’Infirmière him säi Liiblingsgedrénks un. Si probéiert, e Baxter ze evitéieren, deen elo den Géigendeel bewierke géing. D’Infirmière ënnerstëtzt d’Orientatioun andeems si bspw. de Betraffenen hir Hörapparater an de Brëll undeet, an der Nuecht onnéideg Luuchten ausmécht oder e Kalenner an eng Auer am Zëmmer ophänkt.

Duerch eng sanft Ënnerstëtzung a vill Verständnis, hëlleft si dem Betraffenen, nees an d’Realitéit zeréck. Vertraut Persoune spillen dobäi eng wichteg Roll. Mä och si brauchen Ënnerstëtzung, fir mat der Belaaschtung eens ze ginn. Dobäi schafft d’Infirmière Hand an Hand mat den aneren Disziplinnen zesummen.

Ech kéint nach vill aneres opzielen, mä Dir gesitt, dass d’Infirmière e breet gefächerten Zoustännegkeetsberäich huet a schwéier Komplikatiounen verhënnert. D’Schafe vun engem „Directeur adjoint des soins“ beim Gesondheetsministère géing sécherlech fir déi laang vermësste Fleegepolitik suergen, fir eng Professioun déi bal d’Halschent vun all den Gesondheetsberuffer ausmécht.