D’Verbreedung vu Feelinformatiounen an der Ëffentlechkeet ass mëttlerweil zu enger vun de gréissten Erausfuerderunge vun der wëssenschaftlecher Communautéit ginn. Eng nei Etüd weist, datt et lount, sech ze wieren. Doriwwer eng Carte blanche vum Patrick Michaely.

Et ass d’Top 1 vun alle Verschwörungstheorien: D’Amerikaner ware guer net um Mound. Et war alles getrickst. 50 Joer no den éischte Schrëtt vum Neil Armstrong a vum Buzz Aldrin op der Äerd hirem natierleche Satellit, hält sech dës Fuerz-Iddi extrem haartnäckeg a gëtt a Radios- an Tëleesemissiounen - a selbstverständlech an de soziale Medien nach méi - ëmmer erëm diskutéiert. Kaum eng Konferenz zum Thema kënnt ouni Fro aus dem Public aus, wat dann den Expert elo doriwwer z’erziele wéisst. Deen äntwert meeschtens mat Recht relativ genervt do drop, vun engem Buzz Aldrin kann een op esou eng Fro hin dann och mol eng gutt an d'Akaul kréien.

Mol dovunner ofgesinn, datt d’Russe sech deemools bestëmmt ze Wuert gemellt hätten, wann dat Ganzt e Fake gewiescht wier, weess een hautdesdaags leider bal net méi, ob een iwwer esou e Quatsch elo just laachen oder dach kräische soll. D’Verbreedung vu Feelinformatiounen an der Ëffentlechkeet ass nämlech mëttlerweil zu enger vun de gréissten Erausfuerderunge vun der wëssenschaftlecher Communautéit ginn. Wëssenschaftsverweigerer stelle wëssenschaftlech Errongeschaften a Fro a stelle Behaaptungen op, déi krass a Widdersproch zu joerzéngtelaange wëssenschaftleche Beméiunge stinn. Et brauch ee sech jo nëmmen déi heiansdo surreal Diskussioune ronderëm d’Wichtegkeet vum Impfschutz am Ausland unzelauschteren. D’Wëssenschaft brauch wierksam Widderleeungsstrategien, fir esou geféierlechen Tendenzen an der ëffentlecher Debatt entgéintzewierken an “d’Deutungshoheit vun de Wëssenschaften oprechtzehalen“.

Mä, kann een den Afloss vu Wëssenschaftsverweigerer op de Public iwwerhaapt ofschwächen? Eng Etüd vun der Uni Erfurt, déi elo kierzlech an der wëssenschaftlecher Revue “Nature Human Behaviour” publizéiert gouf, weist elo, datt et geet a mécht Courage. A sechs Online-Experimenter sinn hei Testpersoune fir d’éischt bei engem Interview mat Wëssenschaftsverweigerer dobäi gewiescht, ier se duerno mat de Géigenargumenter vun engem Wëssenschaftler konfrontéiert goufen oder op déi typesch rhetoresch Tricke vun esou Leit opmierksam gemaach goufen. Si sinn och enger Kombinatioun vu béiden ausgesat ginn, fir duerno d’Wierkung op hir Astellung zum diskutéierten Thema z’iwwerpréiwen. D’Resultat war eendeiteg: Alles ass besser wéi dem Wëssenschaftsverweigerer sengem Bauchgefill den Terrain z’iwwerloossen. D’Strategie ass dobäi eigentlech egal, sieft et elo e Géigenargumentéieren, e Matdiskutéieren oder och en Opdecke vu rhetoreschen Techniken.

De Message ass kloer: Léif Wëssenschaftler, léif Wëssenschaftsvermëttler. Mä och soss jiddwer vu Wëssenschaft iwwerzeegte Bierger. Gitt eraus a fäert keng Diskussioun. Bloggt, tweet, maacht mat bei Science Festivallen a Researcher Days. D’Bereetstellen an d’Opaarbechtung fir de Public vu wëssenschaftleche Fakten zu engem bestëmmten Thema, sief et elo iwwer déi mënscheverschëlte Klimaerwiermung oder de Biodiversitéitsverloscht, d’Repercussioune vu Migratioun oder och d’Sproochesituatioun– fir nëmmen déi ze nennen - ass wichteg a fält op fruchtbare Buedem. Streckt de Fanger aus a wiert Iech!

* De Patrick Michaely ass vu Formatioun Biochemiker an am Naturmusée responsabel fir Ëffentlechkeetsaarbecht a Kommunikatioun.